Radioen

On air

Al Schanken  |  Carolyn Wonderland - Trouble in the City

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Individuum oder Institutioun?

Prisma

Individuum oder Institutioun?

100 Joer Verfassung, dat bedeit och, 100 Joer Institutiounen, déi ronderëm opgebaut sinn, an och 100 Joer Fräiheeten. Déi Fräiheete verdeedegen sech awer net vun eleng, an et ass ëmmer erëm néideg d'Fro ze stellen, wéi dann eng gutt Balance tëscht Individualismus an Institutiounen ausgesäit. Wourop soll een de Schwéierpunkt leeën?

auto_stories

9 min

De Philosoph Thomas Koenig stellt sech d'Fro, wat méi wichteg ass: Den Individuum oder Institutiounen. Foto: Archiv.

Am Star Trek-Universum gëtt et een Thema, wat ëmmer erëm kënnt, déi sougenannte Geschicht vum Kobayashi Maru-Test. Dobäi handelt et sech ëm en Test, dee jonk Kadetten an eng Situatioun brénge soll, déi si net gewanne kënnen. D'Kobayashi Maru ass en zivilt Raumschëff, dat beschiedegt gouf, an no Hëllef rifft.

Leider ass et awer op enger Platz, wou d'Raumschëff, dat vun de Kadette geflu gëtt, net dierf higoen. Dat heescht, entweder d'Kadette maachen hir Flicht, an d'Kobayashi Maru explodéiert, oder si verletzen hir Flicht, a si fléien an déi sougenannten "neutral Zon". Dat féiert dann dozou, datt hiert eegent Raumschëff ugegraff an zerstéiert gëtt. Kuerz, et handelt sech hei em eng sougenannten No-Win-Situatioun.

Eng schwéier Entscheedung

Wat ass méi wichteg, d'Flicht, oder d'Gefill? Déi kal Theorie oder déi vläicht méi hëtzeg Praxis? Et gëtt jo gutt Grënn, firwat d'Kadetten hir Flicht maache sollen (fir zum Beispill kee Krich mat de Klingonen unzefänken, woubäi wuel méi Leit géife stierwen, wéi just déi op der Kobayashi Maru).

Et ass awer och verständlech, datt si hir Flicht verletzen an dem beschiedegte Raumschëff hëllefe wëllen. Datt een net einfach nokucke wëllt, wéi Leit stierwe wann een eppes maache kéint, ass novollzéibar. Déi Fro huet sech de Blohelmer am Balkan an den 1990er méi wéi eng Kéier gestallt.

Gutt, elo si mir weder bei Star Trek, nach ass de Risiko, datt ee vun eis deemnächst wäert eng Prüfung am Weltraumkampf missen absolvéieren, relativ kleng. Ech denken, de Gros vun de Leit ass och grad am Moment net mat engem bloen Helm am Balkan ënnerwee. Wisou also déi Fro?

Wat ass méi wichteg?

Déi fundamental Fro, déi sech hei stellt, ass déi, ob den Individuum méi wichteg wéi d'Institutiounen ass. Vläicht ass ee jo der Meenung, datt an enger fräiheetlecher Gesellschaft de Mënsch als Individuum de Referenzpunkt sollt sinn. De Staat ass am Déngscht vum Bierger, net ëmgedréint. Dat ass jo d'Basis vum Sozialvertrag, deen an der Neizäit eis Opfaassung vu Gesellschaft a Staat bilt. Datt de Bierger nëmmen en gutt Liewe féiere kann, wann hie sech dem Staat oder der Gesellschaft ënneruerdent ass eng Opfaassung, déi haut kaum nach een hei géif vertrieden.

Jo, kéint een dann do net awer och entgéint halen, datt d'Institutiounen am Déngscht vum Mënsch hir Roll nëmme kënnen erfëllen, wann deen Eenzele seng erfëllt, dat heescht, wann all Mënsch sech un d'Gesetzer hält, an net nëmme vu senge Rechter als Bierger profitéiere wëllt, mee och senge Flichten nokënnt. Zesumme si mir staark, e pluribus unum, an esou weider, an esou fort.

Dat heescht, datt de Bierger sech awer och bis zu engem gewësse Punkt der Gemeinschaft ënneruerdne muss, soss zerbrécht déi Gemeinschaft, an da sti mir eleng do. A wann dir Ären Thomas Hobbes kennt, oder d'Mad Max-Filmer, da sot Dir Iech vläicht, datt et awer net total verkéiert ass, an engem Staat ze liewen, wou verschidde Flichten an Aschränkunge gëllen, mee dofir awer och Rechter a Fräiheeten.

Ech mengen, et wier net ganz falsch ze soen, datt mir haut an enger Gesellschaft liewen, wou den Individualismus fir wichteg gehale gëtt. Den Eenzele soll säin eegent Liewe liewen, soll sech selwer fannen a sech selwer verwierklechen, an alles wat him dobäi am Wee steet, dierf roueg ignoréiert ginn.

E Beispill aus dem Cours

Wann ech engem vu menge Schüler soen, datt hie roueg soll sinn, da kréien ech gären als Äntwert, datt hie jo näischt gemaach hätt, oder datt déi aner jo och net roueg wieren. Oder, drëtt Méiglechkeet, datt et jo awer net schlëmm wier, hien hätt jo net haart geschwat. Dobäi ass et dacks ganz egal, ob dann nach een aneren tatsächlech och geschwat huet oder net.

Déi éischt Äntwert implizéiert, datt d'Persoun sech kenger Verantwortung bewosst ass. An déi zweet, datt si mengt, datt wann aner Leit sech net un d'Reegelen halen, datt si dann och géif dovun entbannen, sech doru missen ze halen. An déi drëtt ass, datt wann d'Stéierung net schlëmm genuch wier, da géif et och kee Grond ginn, hien am Ausübe vu sengem gefillte Recht, schwätzen ze däerfen, wann et him dono ass, ze stéieren.

Wou kënnt eist Verhalen hier?

Domat wëll ech awer net implizéieren, datt eis Jugend total verduerwen ass a kee Gefill fir Responsabilitéit iwwerhuele kéint oder wéilt. Et gëtt vill Beispiller, wou dat net de Fall ass, a wou een ëmmer erëm iwwerrascht ass, wéi erwuesse Leit, déi eigentlech um Pabeier nach net erwuesse sinn, scho kënne sinn. De Contraire ass jo och wouer: wéi vill Leit, déi dem Gesetz no erwuesse sinn, sinn et mental awer nach net. Alter ass jo bekanntlech just eng Zuel.

Et schléit ee jo eigentlech sengen Elteren no, dat heescht, wann ee Jonken e bestëmmte Behuelen adoptéiert, da kopéiert hien dat gäre vun de Generatiounen, déi him d'Beispill virginn. D'Stéiere vum Cours wier also net de Fong vum Problem, mee eigentlech just e Symptom.

An wann Dir elo sot: ok, dat do ass en typescht Proffebeispill, vläicht ass de Cours langweileg, oder de Schüler gesäit net, wat d'Fach him brénge soll: kloer, wisou net? Dann drängt sech och d'Fro op, ob de Schüler vläicht net verstanen hätt, datt d'Institutioun Schoul him am Wee vu sengem perséinlechen Entfale steet, an hie sech deementspriechend behëlt.

Individuum oder Institutioun?

An da si mir erëm bei der Kärfro: wat ass dann elo méi wichteg, datt den Eenzelen de System respektéiert - wat viraussetzt, datt de System seng Roll awer och dann zefriddestellend erfëllt - oder datt de System just ee Referenzpunkt ass, an näischt Absolutes, an datt hie sech sollt un den Eenzelen upassen, fir him net am Wee ze stoen, wat dann awer och viraussetzt, datt den Eenzelen d'Situatioun net ausnotzt, fir sech senge Flichten ze entzéien.

Bref, Individuum oder Institutioun, Egoismus oder Récksiicht? D'Fro esou ze stellen ass vläicht e bëssen ze vill einfach. Et handelt sech jo an deenen zwee Fäll ëmmer ëm d'Extrempositiounen. An deene meeschte Fäll kann ee jo e Mëttelwee tëscht Individualismus a Respekt vun den Institutioune fannen, an déi Saachen, déi da méi opfälleg sinn, sinn dann déi Fäll, an deenen et Reiwunge gëtt. Rechter a Privileegie fënnt ee jo net, ouni datt et och Flichten a Verantwortunge géif ginn.

Déi reell Welt ass komplizéiert

Ee System, deen eng hallef Milliounen Individue geréiere muss, dee ka jo net fir all Fro, déi e kläre muss, eng hallef Millioun Äntwerte proposéieren. Datt do net all Mënsch genau dat proposéiert kritt, wat him am beschte passt, ass kloer. An enger idealer Welt gëtt dann iwwer de Problem diskutéiert, an dann iergendeng clever Léisung fonnt, déi Gutt gi belount, déi Béis gi bestrooft, Happy End, Abspann, de Film ass eriwwer. An der reeller Welt ass dat net esou einfach.

D'Fro ass och net einfach. De Cliché géif elo wëllen, datt déi Leit, déi politesch méi progressiv agestallt sinn, éischter géifen op den Individuum kucke wéi op d'Institutiounen, an déi méi konservativ dann éischter dem System géifen de Virrang ginn.

Wat elo richteg a falsch oder besser a méi schlecht ass, dat hänkt awer net onbedéngt vun engem senger eegener Iwwerzeegung of. Fir déi Fro awer elo an zwou, dräi Minutten ze klären, ass och net dran.

D'Dilemma vum Medikament

Dofir probéieren ech et emol mat engem Dilemma. Et ass en relatiivt bekannten Dilemma, op alle Fall an der Welt vun den Dilemmata, et handelt sech ëm den Heinz-Dilemma. Et geet ongeféier esou:

Dem Heinz seng Fra huet Kriibs a läit um Stierwen. D'Doktere mengen, et géif ee Medikament ginn, dat d'Fra rette kéint. Dat Medikament ass eréischt viru kuerzem vun engem Apdikter entwéckelt ginn. Zum Gléck ass d'Apdikt an der selwechter Stad wéi d'Klinik, dat heescht, den Heinz ass an null komma nix do a freet den Apdikter nom Medikament. Deen ass och bereet, dem Heinz d'Medikament ze verkafen, an zwar fir - soe mer - 20.000 Euro.

Den Heinz huet dat Geld net. Hie geet bei seng Famill a seng Frënn, fir Spenden ze sammelen, freet eng Hëllef beim Staat un, a kritt esou 10.000 Euro gesammelt. Den Apdikter weigert sech awer, d'Medikament fir manner wéi 20.000 Euro ze verkafen. Schliisslech huet hie vill Geld an d'Entwécklung vum Medikament gestach, an hätt och elo gären eppes dovun, scho vläicht eleng just fir seng Käschten ze decken.

Den Heinz huet also elo all legal Mëttelen erschöpft fir un d'Medikament ze kommen. Lo stellt hie sech d'Fro, ob hien an d'Apdikt soll abriechen, fir d'Medikament ze klauen, oder net.

Gutt, ech gesi scho verschiddener vun Iech de Kapp rëselen. Et gëtt jo nach weider Mëttelen. Den Heinz kéint et am Internet mat Crowdfunding probéieren. Hie kéint op de sozialen Netzwierker en Opruff maachen. Hien kéint nach ganz vill méi maachen ewéi dat. Dat ass och alles schéin a gutt, mee dann hu mir keen Dilemma méi. Wann Dir esou eng Léisung am Kapp hutt, tant mieux, da mierkt Dir, datt méi méiglech ass, ewéi ee mengt. Mee dann hutt Dir d'Dilemma net gekläert, Dir sidd him just aus dem Wee gaangen.

Wéi eng Gesellschaft wëlle mir?

Dofir, nach emol: Den Heinz huet d'Geld net zesumme kritt, a keng Optioune méi, déi net illegal wären. Wann hie seng Fra rette wëllt, muss hien d'Gesetz briechen. Dat sinn d'Konditioune vum Dilemma. Entweder hien hält sech un d'Gesetz, mee da stierft seng Fra. An eng Gesellschaft, an där Leit e vermeidbaren Doud stierwen, ass déi wënschenswäert? Wuel kaum! Jo, oder den Heinz brécht d'Gesetz, a rett senger Fra d'Liewen. Mee eng Gesellschaft, an där Leit d'Gesetz briechen, wa si net domat averstane sinn, ass déi méi wënschenswäert wéi déi aner? Well net all Fall ass esou schwaarz-wäiss wéi elo hei dem Heinz seng Situatioun, mee wie seet mir, datt meng Matbierger gewëllt sinn, all déi Nuancen dotëscht ze gesinn?

Institutioun oder Individuum ? Wat mengt Dir? Wéi gesäit do eng gutt Balance aus?