Dëst Buch ass eng Autofiktioun an erzielt dem Jayrôme C. Robinet säi Wee vun der jonker franséischer Fra zum Mann mat Migratiounshannergrond, deen elo zanter 20 Joer zu Berlin lieft a schafft. No enger Testosteronbehandlung gesäit de Schrëftsteller, Poetry Slammer, Dozent an Doktorand no baussen aus wie e Mann an huet seng Transitioun domat realiséiert.
Datt dee Wee keen einfachen ass, an een nawell scho bal witzeg kann doriwwer erzielen, ouni den Eescht vun der Thematik Trans ze vernoléissegen - doriwwer erzielt de Jayrôme C. Robinet a sengem Buch an och am Institut Pierre Werner.
De Wuertkënschtler liest den Owend aus sengem Wierk an ënnerhält sech mam Sandy Artuso, déi an hirer Dissertatioun däitschsproocheg Autobiographië vun Trans*Persounen erfuerscht.
D'Nathalie Bender huet sech am Virfeld dovunner mam Jayrôme C. Robinet ënnerhalen.