Radioen

On air

Notturno  |  Fruit Bats - It All Comes Back

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Leeft Esch de soziale Problemer hannendrun?

Esch/Uelzecht

Leeft Esch de soziale Problemer hannendrun?

Esch/Uelzecht ass - zesumme mat Wolz - déi Gemeng am Land mam gréissten Undeel u sozial schwaachen Awunner. Héchste Chômagetaux, zweet-héchste Prozentsaz un RMG-Emfänger a sou weider. Dobäi huet Esch an der Sozialpolitik eigentlech relativ vill ze bidden. Bleift nach Sputt no uewen?

auto_stories

6 min

Ugangs Juli ass zu Esch d'"Maison sociale" op der Brillplaz ageweit ginn. All déi sozial Déngschtleeschtunge vun der Gemeng sinn hei ënner engem Daach versammelt. Zum Beispill den Office social oder de Service Logement.

D'Gemeng mécht awer am Sozialen net alles selwer. Esch ënnerstëtzt finanziell eng 40 ASBLen. Well dat d'Spezialisten um Terrain sinn, seet d'LSAP-Buergermeeschtesch Vera Spautz. An zu Esch géif ee vill Wäert op preventiv Sozial-Aarbecht leeën.

"Et geet drëm, fir am Virfeld ze reagéieren. Da geet et och drëms fir ze kucken, wéi eng ënnerschiddlech Problematiken hunn eis Bierger. A wou kënne mir do wéi eng Hiewelen usetzen."

Hëllefen, sech z'organiséieren

Vill vun den ënnerstëtzte Projete bekëmmere sech ëm Chômeuren. Aner ASBLe bidden zum Beispill Alphabetiséierungs-Course fir Erwuessener un. Mat der ASBL Inter-Actions leeft zënter dem leschte Joer e Projet an de Quartieren Al Esch, Brill a Grenz, déi um soziale Plang besonnesch benodeelegt sinn.

Nieft der Hëllef bei Hausaufgaben oder dem Ecrivain public, deen d'Leit bei administrative Paperassen ënnerstëtzt, steet de sougenannten "Travail communautaire" am Virdergrond. Et geet drëms "fir d'Leit aus dem Quartier z'integréieren", seet d'Cheryl Hentges vun Inter-Actions. Zesumme kachen, sech bei enger Pause café austauschen, Aktivitéite wéi Gemeinschaftsgäert ...

De Christian Jung an d'Cheryl Hentges

Um Enn soll ee Léieren, am Grupp Léisungen ze fannen. Dat ass e laangwierege Prozess, fënnt d'Cheryl Hentges. Mä d'Gruppendynamik géif sou lues gräifen. Vun zwee Leit wier ee Mëttlerweil bei aacht bis néng Leit an enger Pause café. "D'Leit brénge Leit mat. Dat schwätzt sech erëm."

Et géif drëm goen, datt d'Leit Responsabilitéit iwwer sech selwer géifen iwwerhuelen. "A mir sinn do bëssen de Mediateur", erkläert de Christian Jung. Fir de Mataarbechter vun Inter-Actions kréien d'Leit niewelaanscht och gehollef, sech op engem méi politesche Plang auszedrécken. Zum Beispill wa si sech bei der Gemeng iwwert ze wéineg Parkplazen oder d'Propretéit wëlle beschwéieren.

"Do maache mir net onbedéngt dat, wat vun eis erwaart ass. Do si mir op der Säit vun de Leit. An Al Esch an um Brill ginn et keng Interesseveräiner. D'Leit wëssen net richteg, wou si sollen higoen, fir en Ouer ze kréien."

Et géif een de Leit hëllefen, fir sech z'organiséieren, seet de Christian Jung.

Problem: Logement

Sozialpolitesch schéngt et zu Esch nach Sputt ze ginn. Zemools de Logement wier ee vun de groussen Defiziter vun der rout-grénger Koalitioun zu Esch, fënnt de Laurent Biltgen, ee vun zwee Gemenge-Conseillere vun déi Lénk. D'Gemeng hätt an deene leschten 12 Joer net vill am Wunnengsbau geleescht.

"Et ass probéiert ginn, Wunnengen ze renovéieren, mä och dat ass vill ze lues gaangen. Sou datt d'Gemeng Esch selwer 77 Wunnengen huet, déi eidel stinn. Et gëtt awer 460 Leit op enger Waardelëscht, fir eng Sozialwunneng ze kréien."

De Laurent Biltgen ass Gemenge-Conseiller vun Déi Lénk

D'Buergermeeschtesch Vera Spautz verweist op d'Frichen zu Esch-Schëffleng an der Lentille Terre rouge, op deenen an Zukunft Sozialwunnenge kéinten entstoen. A geheit de Ball bei de Staat.

"Mir als Escher Gemeng bidde Sozialwunnengen un, déi Gemengen eege Wunnenge sinn. Dat geet awer net duer. Dat huet natierlech ee Käschtepunkt. Awer op där anerer Säit muss de Staat och endlech dohinner goen a selwer am Locativen ufänke vill méi e grousst Angebot op de Maart ze bréngen."

Eng besser Mëschung

Sozial Mixitéit: Dorunner misst zu Esch och nach geschafft ginn. Besonnesch an de Schoulen, fënnt de Laurent Biltgen. De Quartier Al Esch wier ee vun deene benodeelegsten. Dee géif direkt un de Quartier Dellhéicht grenzen.

"Déi gehéiert zu deene Schoulen, wou ganz gutt Viraussetzunge sinn. Et gi souguer Kanner, déi gesinn an de Schoulhaff vun där enger Schoul, ginn awer an déi aner Schoul. Do ass guer kee Problem, fir dat ze verréckelen. Do kéint een eng besser Mëschung hikréien."

Och iwwer d'Verdeelung vun de Wunnengen, déi der Gemeng gehéieren, kéint méi geziilt gesteiert ginn, wéi eng Leit wou géife liewen.

Keng Plazen a Crèchen a Maison Relaisen

An den Escher Maisons relaisen, déi vun der Gemeng ofhänken, an och an de Crèchen ass de Manktem u Plaz ee grousse Problem, fënnt d'Ginette Debra, Responsabel vun der Kannervilla. Dës Crèche gëtt och vun der ASBL Inter-Actions geleet. D'Eltere ginn am Kader vum "Travail communautaire" mat abezunn.

"Wat mech ëmmer wonnert ass, datt vill Leit op Esch plënneren, an dann net wëssen, datt et hei net einfach ass eng Plaz ze kréien. Sief et an de Crèchen oder an de Maison Relaisen. Et dauert heiansdo wierklech laang. D'Leit wëssen heiansdo net, wat maachen."

D'Leit hätten déi Informatioun dacks net, kritiséiert d'Ginette Debra.

Vill Leit wéissten net, datt d'Plazen an de Crèchen a Maisons relais knapp sinn, seet d'Ginette Debra

Méi Geld fir Esch

Sozialpolitik kascht Suen. Aner Südgemenge missten och finanziell Efforten an deem Beräich maachen a manner Leit op Esch schécken, kritiséiert d'Vera Spautz. Och a Gemenge wéi Déifferdeng wier de Chômage héich. Vill Sans-abrise géife vun de Strukturen zu Esch profitéieren. "Do froe mir net d'Carte d'identité vun de Leit, sidd Dir vun Esch? Si kommen aus den Süden. An do sinn déi Déifferdenger Leit ganz staark vertrueden an deem Escher Foyer." Finanziell Solidaritéit géif et do awer net ginn.

"Et ass nach ni eppes vun der Gemeng Esch komm, datt si finanziell Ënnerstëtzung wéilten oder bräichten", seet den Déifferdénger Buergermeeschter Roberto Traversini. Iwwert d'Ausso vum Vera Spautz wier hie verwonnert. Déifferdeng géif nämlech duerchaus eppes fir sozial Schwaacher maachen, ënnert anerem zeng Prozent Sozialwunnengen ubidden. Aner Gemengen am Land géifen der wäit manner zur Verfügung stellen.

Fir den Déifferdenger Buergermeeschter misst ee besonnesch am soziale Beräich effektiv méi regional denken a kucke fir komplementär ze sinn. Dat wier awer net evident: "bei ville Gemengen hält den Territoire beim Schëld op".

Reaktioun Roberto Traversiniplay_arrow

Duerch d'Gemengefinanzreform hätt d'Gemeng Déifferdeng siwe Milliounen Euro d'Joer bäi kritt, sou de Roberto Traversini. D'Escher Gemeng iwwer aacht Milliounen, seet hirersäits d'Vera Spautz. Virun allem den Engagement am soziale Beräich géif dës Ëmverdeelung rechtfäerdegen.