Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerger Immoblieninvestisseuren zu Berlin

Logement

Lëtzebuerger Immoblieninvestisseuren zu Berlin

Genee wéi vill aner Haaptstied huet Berlin mat Gentrifizéirung an ëmmer méi héije Loyeren ze kämpfen. Dobäi spille privat Investisseuren a Spekulatioun eng net onwichteg Roll, och Firme mat Sëtz zu Lëtzebuerg.

auto_stories

4 min

Et ass keng nei Problematik hei zu Berlin. Gefillt all Dag héiert ee vu Wunnengsnout, d'Offer gëtt der Demande net méi gerecht. Doduerch ginn d'Loyeren an der däitscher Haaptstad ëmmer méi an d'Luucht, d'Immobiliëpräisser klammen hei weltwäit am meeschten, ganzer 20,5 Prozent am Joer 2017.

Interessant fir international Investisseuren

Domat läit d'Stad virun Hongkong, Paräis a souguer viru London. Dat ass fir Investisseuren aus de verschiddenste Länner interessant, erkläert de Rainer Wild, Gerant vum Berliner Mieterverein. Et géif do verschidde Strategië gi wéi zum Beispill héich Loyerspräisser, wann d'Wunneng frësch verlount gëtt, d'Moderniséierung vum Wunnraum, dee spéiderhi fir d'Bewunner kaum ze finanzéieren ass, oder d'Ëmwandele vu Miet- an Eegentumswunnengen.

Leerstand, also Gebaier, déi eidel stinn, gëtt et zu Berlin awer vergläichsweis manner, wéi ee mengt: Den Taux läit tëschent 1,6 an 1,9 Prozent an ass fir Däitschland gesi relativ niddreg. Mee et ass en anere Prozess ze erkennen, nämlech dee vum spekulative Leerstand. Hei hunn d'Investisseuren nom Immobiliekaf zum Beispill Moderniséierunge vir, déi de Präis vun der Immobilie géifen an d'Luucht bréngen.

Dës loosse sech méi einfach realiséieren, wa keng Locatairen am Haus sinn, a sou ginn an dësem Fall Wunnengen, déi eidel sinn, net méi verlount. Dat kann zu Verwahrlosung féieren. Dacks gëtt och versicht, Locatairë mat Suen zum Plënneren ze kréien.

Immobiliefonge kafe Gebaier op

Mee wiem gehéieren déi Haiser eigentlech? Dacks sinn et milliardeschwéier Immobiliefongen, déi Gebaier zu Berlin en Masse opkafen. An wann een de Firme mat dubiéisen Nimm wéi Optimum Evolution Funds SIF nogeet, féiert d'Spuer och dacks op Lëtzebuerg, zu Bréifboîtefirmen, déi speziell fir den Immobiliekaf gegrënnt goufen.

D'Katrin Schmidberger ass Deputéiert vun de Gréngen am Berliner Abgeordnetenhaus a seet, datt vill international Investisseuren iwwer Lëtzebuerg ginn, well Lëtzebuerg eng Steieroas wier. D'Zesummespill tëschent dem däitschen an der Lëtzebuerger Droit géif dozou bäidroen, datt déi Investisseuren zwar héich Rendemente géife kréien, mee wéineg Steiere musse bezuelen.

Déi wierklech Besëtzer si schwéier ze ermëttelen

Dacks wieren et ganz komplizéiert Konstrukter, sou datt een déi wierklech Besëtzer guer net géif fannen. D'Steierverwaltung wier dacks iwwerfuerdert an et kéint ee guer net un d'Besëtzer erukommen, och well d'Bréifboîtefirmen zu Lëtzebuerg meeschtens op Ufroe mol net äntweren.

Esou géif sech d'Lëtzebuerger Steierpolitik op lokalem Niveau an de Loyeren an der Verdrängung vu Locatairen nidderschloen, sou d'Katrin Schmidberger weider. D'Viraussetzungen dofir wieren awer och duerch déi däitsch an europäesch Gesetzeslagen erméiglecht.

Bei Share Deals fale keng Steieren un

Däitschland géif dat kommunaalt Virkafsrecht mat senger Steierpolitik ënnergruewen. Dëst Virkafsrecht erméiglech et dem Staat, Immobilië viru private Investisseuren ze kafen. D'Gesetzeslag géif sougenannte "Share Deals", un deenen och dacks lëtzebuergesch Immobiliefonge bedeelegt sinn, begënschtegen. De Magnus Hengge, Aktivist bei der Kreuzberger Biergerinitiativ Bizim Kiez erkläert, datt bei dëse Share Deals keng Steiere misste bezuelt ginn, déi normalerweis bezuelt musse ginn, wann en Haus verkaf gëtt, esou wéi d'Grunderwerbesteuer. Sou géifen déi Haiser séier weiderverkaf ginn.

Datt Share Deals bei den Immobilien iwwerhaapt méiglech sinn, wier eng Lacune am Gesetz, mengt de Magnus Hengge. Datt dat awer e groussen Impakt huet, géif een dorunner mierken, datt mëttlerweil ronn 32 Prozent vun all Immobilienhandel iwwer Share Deals gemaach ginn.

Lokalpolitik ka schwéier duerchgräifen

Doduerch, datt et bei engem Verkaf zu kenge Verännerungen am Kadaster kënnt, gëtt et bei Share Deals schwéier fir d'Bezierker anzegräifen. Sou gëtt de Milieuschutz op gekonnt Manéier mat engem Firmegeflecht a legale Schlupflächer ëmgaangen.

Déi rout-rout-gréng Berliner Regierung probéiert op lokalem Niveau anzedämmen, mee d'Landespolitik stéisst hei séier un hir Grenzen. An dësem Geflecht vu Pensiouns- an Immobiliefongen, Steierpolitik a Bréifboîtefirme sinn et Bundesgesetzer an EU-Gesetzer, déi déi gréisste Roll spillen. De Kampf ass zéi, mee hei zu Berlin gi Locatairen a Biergerinitiative weider op d'Strooss, och géint déi Investisseuren, deenen hire Numm dacks mat Société anonyme oder "S.à.r.l" ophalen.