Radioen

On air

De Weekend  |  Jen Cloher - Mana Takatapui

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mam Klima ännert och eis Welt

Fräie Mikro

Mam Klima ännert och eis Welt

Déi grouss Konflikter, ob militärescher, sozialer oder politescher, déi sech am Moment uechtert d'Welt ofspillen, dinn eis eppes vergiessen: mir sti virun enger dramatescher Ännerung vun der geopolitescher Situatioun op der Welt, well eise Klima sech verännert.

auto_stories

4 min

D'Simone Beck mécht sech Gedanken iwwer de Klimawandel. Foto: Archiv.

Zanter dem Ufank vun der Industrieller Revolutioun am spéiden 18. Joerhonnert ass d'Temperatur weltwäit ëm 1,2°C geklommen. Vun deene 17 wäermste Jore waren der 16 no 2001. Mir hunn nach genee 20 Joer bis mir un den 2° Celsius sinn, déi de Spezialisten no net dierfen iwwerschratt ginn.

Déifgräifend Konsequenzen

Wa mir dat net packen, da kënne mir eis drop astellen, datt grouss Iwwerschwemmungen, déi fréier nëmmen all honnert Joer passéiert sinn, als 20 oder 30 Joer virkommen. Wann d'Pole schmëlzen, klëmmt den Niveau vun de Weltmierer. Küstegebidder ginn iwwerschwemmt an d'Drénkwaasser kontaminéiert.

Duerch ongewinnt laang Drécheperiode gi gewalteg Bränn, wéi rezent a Griichenland oder Kalifornien, ëmmer méi heefeg, wéi och Tropestierm oder Iwwerschwemmungen. Wann déi lokal Autoritéiten déi Katastrophe schlecht geréieren, kënnt et zu Onrouen a politescher Instabilitéit.

Den Impakt ass elo scho spierbar

De Klimawandel a seng Konsequenze wäerten an deenen nächste Joerzéngte vill Energie a Kapital mobiliséieren. 2017 waren dräi grouss Stierm am Südoste vun den USA an an der Karibik. Déi dräi Stierm hunn d'USA 2017 eleng iwwer 300 Milliarden Dollar kascht.

A China leie Milliounestied wéi Shanghai oder Guangzhou direkt um Mier a sinn esou zoubetonéiert, datt d'Waasser net oflafe kann. Am Norde vu China, dem Häerz vun der chinesescher Industrieproduktioun, gëtt d'Waasser knapp: an deene leschte 25 Joer sinn 28.000 chinesesch Flëss a Baache verschwonnen. Ronn 50 Milliarden Dollar huet bis elo eng Waasserleitung kascht fir d'Waasser vum Süden an den Norden ze bréngen, a si ass nach net fäerdeg.

Geopolitesch Auswierkungen

Et kann een dovunner ausgoen, datt d'USA oder China dës gigantesch Depense verkraaften. Dat gëllt awer net fir arem Länner, déi virun allem vun der Landwirtschaft liewen. Wa mir d'Beispill vu Somalia huelen: 80 Prozent vun de Mënsche liewen do vum Akerbau. No joerzéngtelaangem Biergerkrich si si enger schlëmmer Dréchent ausgesat, déi schonn 250.000 Leit d'Liewe kascht huet. Honger a Konflikter sinn zwee Grënn, déi aarm a verzweiwelt Mënschen entweder an d'Kriminalitéit dreiwen, wéi am Fall vu Somalia d'Piraterie, oder si dozou bréngen, hiert Gléck op där anerer Säit vum Mëttelmier ze sichen.

De Klimawandel schaaft nei Krisen a verschäerft déi, déi scho bestinn. Obschonn Indien a Pakistan bis elo en Traité vun 1960 iwwer déi gemeinsam Notzung vum Indus-Floss respektéiert hunn, riskéiert dat awer eriwwer ze sinn, wann d'Waasser méi knapp gëtt. Schonn elo gesäit de Pakistan sech duerch d'Staudämm, déi Indie baut, benodeelegt.

China huet den ieweschte Mekong gestaut, esou datt am Vietnam d'Fëscherei an den Akerbau a Gefor sinn. Dee selwechte Zeenario geschitt an Ägypten, wou Ethiopien e risege Staudamm baut, wat dozou féiere wäert, datt Ägypten an de Sudan manner Waasser kréien.

Déi Äermst leiden als éischt

Wie manner Waasser seet, sief et aus engem Floss oder aus de Wolleken, seet och manner Landwirtschaft. 2010 gouf duerch eng grouss Dréchent a Russland e Fënneftel vun der Weessrecolte zerstéiert. D'Regierung huet den Export verbueden, a well de Weess och an anere Géigende vun der Welt knapp war, sinn d'Präisser explodéiert. Erëm zum Nodeel vun deenen Äermsten.

Mir räich Länner berouegen eis mat Wandrieder an elektreschen Autoen. Elo brauch een awer fir d'Batterië vun elektreschen Autoe seele Mineralien, déi et virun allem an der Demokratescher Republik Kongo ginn, en aarmt Land mat engem korrupte Regime. Datt et do zur Ausbeutung vu Mënschen an Natur kënnt, fir datt mir elektresch kënne fueren, misst eis ze denke ginn.

Awer vläicht ass de Klimawandel, wéi den amerikanesche President mengt, souwisou nëmmen eng Erfindung vun de Chinese fir den USA Misär ze maachen.


Mam Zil, déi ëffentlech Debatt ze fërderen, invitéiert de radio 100,7 am Fräie Mikro Leit aus der Zivilgesellschaft fir aktuell Themen ze kommentéieren. De Fräie Mikro spigelt reng d'Meenung vu sengem Auteur erëm.