Radioen

On air

Tockcity  |  Caribou - Honey

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ons Heemecht

Lëtzebuerg

Ons Heemecht

"Rusty Boys" ass en Heimatfilm vun 107 Minutten. Eng Fiktioun iwwer d'Heemecht, déi méi iwwer Lëtzebuerg, seng Mënschen a seng Sproochen ausseet, wéi vill Artikelen a politesch Rieden.

auto_stories

4 min

Den Andy Bausch um Set vu Rusty Boys

Déi beschten Definitioun vun deem, wat Heemecht ass, hunn ech beim Maria Todorova gelies. Dës bulgaresch Soziologin huet 1997 an hirem Buch "Imagining the Balkans" eist Balkanbild mat all senge bequeme Viruerteeler analyséiert. Fir d'Definitioun vun deem, wat Heemecht ass, ze fannen, brauch een awer net d'ganzt Buch ze liesen. Se steet schonn an der Widmung, mat där d’Buch ufänkt. D'Todorova schreift nämlech als Widmung: "Mengen Elteren, vun deenen ech geléiert hunn, de Balkan gären ze hunn, ouni houfreg driwwer mussen ze sinn oder mech mussen dofir ze schummen."

Ech war leschte Samschdeg e Film kucken iwwer meng Heemecht. En heescht "Rusty Boys". Den Andy Bausch, de Frank Feitler, déi ganz Equipe vum Film, hu mir erlaabt, mir 107 Minutte laang meng Heemecht unzekucken, Lëtzebuerg. An zu Lëtzebuerg besonnesch de Minett. A fir iwwer dëst Land a seng Awunner ze laachen an ze kräischen. A se gären ze hunn. Ouni stolz iwwert si mussen ze sinn oder mech dofir mussen ze schummen.

Gebrache Sproochen

Zum Beispill iwwer eeler Leit, déi hiert ganzt Liewe geschafft hunn, fir dono manner wéi 2.000 Euro als Pensioun iwwreg ze behalen. Fraen a Männer mat méi oder wéineger grousse physesche Boboen an ouni Eegentum, déi sech awer Dag fir Dag asetze fir eppes ganz Wäertvolles ze behalen: hir Onofhängegkeet. Iwwert sech selwer bestëmmen, soulaang et geet. Och mat finanziellen Enkpäss, mat Häerzproblemer oder am Rollstull. Dank der Famill geléngt et deenen engen, deenen aneren dank Frënn, déi hinnen iwwer all déi Joren trei bliwwe sinn. (D'Institutioune missten eigentlech hinne vis-à-vis dat selwecht Zil hunn, monéiert de Film op seng eegen, satiresch-andybauschlech Aart a Weis.)

D'Wichtegkeet vu Frënn steet iwwerhaapt am Mëttelpunkt vum Film. (Oder vu "Frënden", wéi ech gär a gespillt-gebrachenem Lëtzebuergesch soen, well ech jo anscheinend och hallef Italiener sinn.) Souwéi de Jängi, den Nuckes oder de Fons am Film gebrachent Franséisch schwätzen. Mam portugisesche Mecanicien, deen a propperem Lëtzebuergesch äntwert. Iwwerdeems der Lëtzebuerger Koppel Maisy a Pitt hiert klengt Meedche Lëtzebuergesch mat portugiseschem Akzent schwätzt. Well esou ass eis Heemecht. Méisproocheg, datt engem dronken Ellen ausginn.

Dem Andy Bausch säi Film beschreift se, sou wéi hie s'erlieft. Ouni houfreg driwwer ze sinn oder sech dofir ze schummen. Wéi een, dee seng méisproocheg Heemecht gären huet. 107 Minutte laang genéisst een dat Gefill ëmsou méi, well ee schonn nees méintelaang de Kapp voll getrotert krut. Vun opgewiermtem Sproochesträit, vu Lieserbréiwer a Strategiepabeieren zum beschte politeschen a pädagogeschen Ëmgang mat der Méisproochegkeet. Et genéisst een et, well wann een aus dem Film erausgeet an d'Noriichte liest, héiert a kuckt, een nees e Land presentéiert kritt, wat et net gëtt. Entweder en eesproochegt Hirngespinst oder e Land mat enger Méisproochegkeet, déi mat einfache Rezepter ze norméieren an ze geréiere wier.

Alldeegleche Rassismus, alldeeglecht Zesummeliewen

Am Géigesaz zu hinne gëtt am "Rusty Boys" d'Diversitéit vun de Sproochen an de Leit zu Lëtzebuerg net gelueft oder verdaamt, net héichstiliséiert an och net niéiert. Si ginn einfach gewisen, mat enger gudder Dosis Ironie: Lëtzebuerger Pensionnairen an Heckefransousen als Betreiungspersonal, Immobilienagentin oder Apdikteschemployée, Lëtzebuerger a portugisesch Schrebergäertner, Lëtzebuergesch Gemengenaarbechter a kapverdianesch Bauaarbechter. An hirem alldeegleche Rassismus, wéi an hirem alldeeglechen Zesummeliewen.

Den Andy Bausch intresséiert sech a senge Filmer fir si. Dacks Mënschen, déi éischter ënnen op der gesellschaftlecher Leeder stinn oder am Laf vun hirem Liewen e puer Träppleken erofgefall sinn. Net well hie besonnesch Sympathien oder Antipathië fir si huet, mee well si een Deel vun där Heemecht sinn, déi hien decidéiert huet ze beschreiwen.

107 Minutten, fir sech seng Heemecht einfach unzekucken. Dat ass net vill. Mee, wie weess, et hëlleft vläicht e bëssen, wann d'Sireenen aus Politik a Medien, déi dëst Land a seng Leit net gären hunn, an dësem Wahljoer eis nees dozou verféiere wëllen, stolz op e Lëtzebuerg ze sinn, wat et net gëtt. Oder dat Lëtzebuerg ze verdamen, wat et wierklech gëtt.