Vullestierwen U wat stierwen d'Blomeesen de Moment?

Zu Lëtzebuerg an an Däitschland goufen et zanter Enn Mäerz ëmmer nees Fäll vu Blomeesen, déi entweder krank sinn oder dout opfonnt goufen. Verschidde Laboen an Däitschland hu mëttlerweil ermëttelt, datt dat vun enger Bakteerie ausgeléist gëtt.

Pit Walté / cbi

Eng Blomees
Kapr0s

"Suttonella ornithocola" heescht d'Bakterie a léisst bei de Blomeesen eng Longenentzündung aus. Fir de Mënsch a fir d'Hausdéieren ass se awer net geféierlech.

Natur&Ëmwelt hunn e Formulaire opgestallt, mat deem ee Fäll vu kranken oder doudege Villercher eramelle kann, fir esou d'Situatioun hei zu Lëtzebuerg aschätzen ze kënnen. An 20 Deeg hätt een iwwer 200 dout Blomeesen a ronn 150 krank Vulle gemellt kritt, seet d'Elisabeth Kirsch vun Natur&Ëmwelt.

Et wier een och frou, wann d'Leit weider de Formulaire ausfëlle géifen, fir datt een de weidere Verlaf festhale kann.

"Éischtens kënne mer kucken, wou et vläicht e geheeft Optriede gëtt, bis elo konnte mir dat net feststellen an et huet sech relativ gläichméisseg iwwer d'Land verdeelt. Mee dat kënne mir awer doriwwer am A behalen an och, ob et lues a lues iergendwann zeréckgeet oder ob et och weiderhin Infektioune bei de Blomeese gëtt."

Social distancing och bei de Vullen

Hëllefe kann een de kranken Déieren net méi. Et erkennt ee se awer dorunner, datt hir Aen oder hir Plomme verpecht sinn, an datt se keng Schei méi viru Mënschen an Hausdéieren hunn.

Wann een a sengem Gaart oder op senger Terrass eng Fudderplaz huet, an do fënnt een e krankt oder doudegt Déier, da sollt een déi als Schutzmoossnam eidel maachen, botzen an am beschten och net méi nei opmaachen.

Well d'Blomeese géife sech virun allem do ustiechen, wou vill Vulle beienee kommen, seet d'Elisabeth Kirsch vun Natur&Ëmwelt. Wéi bei eis, wier och bei de Blomeese Social Distancing ugesot.

Ee gudde Liewensraum

Och wann een de Blomeesen de Moment net hëllefe kann, kann een awer gutt Konditioune schaffen, datt sech déi Villercher déi iwwerliewen an Zukunft gutt reproduzéiere kënnen. An dat andeems een hinnen e gudde Liewensraum zur Verfügung stellt.

Et kann een a sengem Gaart Hecke planzen, well déi de Villercher Schutz bidden an Insekten unzéien. Donieft kann een och en Eck a sengem Gaart fir eng Blummewiss reservéieren.

De Formulaire fir krank oder doudeg Blomeesen ze melle fënnt een um Site naturemwelt.lu.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Pit Walté
Lauschteren

Méi zum Thema

Aedes albopictus
Asiatesch Tigermoustique

Déi geféierlech Asiatesch Tigermoustique verbreet sech zanter de 70er Joren ëmmer méi op all de Kontinenter op der Welt an dat och an Europa. Ass si och schonn zu Lëtzebuerg ukomm?

Mönchsrobbe
Mönchsrobben a Griichenland

D'Mönchsrobben, déi am Mëttelmier liewen, si mat déi bedrohtste Mamendéieren a ganz Europa. Vun de geschate 600 Individuen, déi et am Mëttelmier ginn, soll d'Hallschent a griichesche Gewässer liewen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen