Radioen

On air

Metal Meltdown  |  Metal Meltdown

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Verschwannen d'Gletscher an den Alpen?

Klimaschutz

Verschwannen d'Gletscher an den Alpen?

Ginn et am Joer 2100 keng Gletscher méi an den Alpen? Een inevitabele Zeenario, sollten ambitiéis Klimaziler, wéi déi aus dem Paräisser Klimaaccord net agehale ginn. Dat geet aus enger Etüd vun enger Fuerscherequipe aus der Schwäiz an Holland ervir. Ganz hoffnungslos ass d'Situatioun awer net. E Gespréich mam Auteur vun der Etüd, dem Dr. Matthias Huss vun der ETH Zürech.

auto_stories

3 min

Maurice Antony: Här Huss. Dir sidd Hydrolog op der Technescher Héichschoul zu Zürech an Dir hutt an Zesummenaarbecht mat zwee Wëssenschaftler eng Etüd zu de Gletscher an den Alpen gemaacht. Zu wéi engem Schluss kommt Dir an der Etüd?

Matthias Huss: D'Etüd weist, datt d'Gletscher an de Gletscher an Zukunft weider staark zeréckginn. Mir erwaarden, datt mat grousser Wahrscheinlechkeet praktesch all d'Äis an den Alpe verluer wäert si bis zum Enn vun dësem Joerhonnert. Net all d'Äis, et wäerten nach e puer Äisreschter, e puer kleng Gletscher a groussen Héichten iwwreg bleiwen. Mee d'Etüd weist eben, datt et ganz wahrscheinlech ass, datt mir bal alleguerten d'Gletscher verléiere wäerten.

An Ärer Etüd maacht Dir awer nach eng kleng Ënnerscheedung, Dir féiert hei zwee Zeenarien un. Kënnt Dir déi zwee Zeenarie kuerz duerleeën?

D'Zeenarie baséieren op CO2-Emissiounen, déi a Klimazeenarien, a Klimamodeller agefloss sinn. Mir hu verschidde Klimamodeller benotzt a konnten domat weisen, wat den Ënnerscheed ass fir d'Gletscher, wa mir d'Klima schützen an d'CO2-Emissiounen drastesch reduzéiere bis 2100 oder ob mir d'Klima net schützen a keng besonnesch Ustrengungen ënnerhuelen an d'Klima ëmmer méi waarm gëtt. Et weist sech, datt mir fir d'Gletscher dach en uergen Ënnerscheed hu bei ganz staarkem Klimaschutz, domat kéint een nach ronn een Drëttel vun den Alpegletscher retten.

Mat feelendem Klimaschutz wäerte praktesch all d'Gletscher komplett verschwonne sinn, datt wierklech näischt méi do ass. Dat heescht, mir hunn nach an der Hand, ob mir vun e puer Gletscher schwätzen oder vu guer kenge méi.

Awer Dir haalt och fest, datt et bis zum Joer 2050 zu engem onvermeidbare Schmëlze vun de Gletscher an den europäeschen Alpe komme wäert?

Richteg. D'Gletscher hunn e Gediechtnes, dat heescht, si reagéieren haut nach ëmmer op dat Klima an d'Erwiermung, déi mir an de leschte Joerzéngten haten. Dat heescht, d'Gletscher kënnen net direkt reagéieren a kënne sech net direkt stabiliséieren, och wa mir d'Klima haut direkt op dem gläichen Niveau stabiliséiere géifen.

Dat heescht d'Gletscher zéie sech och zeréck, wa sech d'Klima net méi weider erwiermt, an dat ass en onvermeidbare Réckzuch, an dee kann net méi gestoppt ginn.

Matthias Huss, kéint Dir vläicht och kuerz d'Auswierkunge vum Schmelzen op den Ökosystem op der Plaz beschreiwen?

D'Gletscher hu verschidden Auswierkungen. Dat Wichtegst ass wahrscheinlech de Waasserkreeslaf. D'Gletscher liwweren eng grouss Quantitéit u Waasser während der Schmëlz-Saison am Summer an dat Waasser dréit dozou bei, datt mir genuch Waasser hunn an der dréchener Joreszäit.

Dat Waasser ass net nëmmen an de Alpe wichteg, mee och wäit iwwer d'Grenzen eraus. De Rhäin erof, bis an Holland. D'Rhone erof, bis an d'Mëttelmier. Dat ass wierklech e wichtege Bäitrag, dee kéint verluer goen.

Wat wäert Dir mat Äre Resultater maachen? Wéi wäert Dir versichen, Politik a Wirtschaft ze erreechen?

Dat ass eng ganz wichteg Fro. Mir versichen natierlech ëmmer eis Resultater an d'Ëffentlechkeet ze bréngen. Momentan ass den Interessi an de Medien extrem grouss an et passt also och ganz gutt an déi aktuell Klimadebatte mat de Klimastreike vun de Schüler. An dowéinst hoffe mir, datt eis Resultater och vun der Politik gehéiert an iwwerholl ginn.

Gletscher sinn e wichtegt Element fir Klimaverännerungen ze kommunizéieren a se siichtbar ze maachen. An dofir mengen ech, datt Gletscher dozou bäidroe kënnen, engem breede Public ze weisen, wat d''Klimaverännerung mat eisem Ëmfeld eben ustellt.