News fir Kids
Well net vill iwwer deen neie Coronavirus bekannt ass, wëllen d'Fuerscher erausfannen, wéi e sech verhält a wéi vill Leit sech schonn dermat ugestach hunn. An engem groussen Test sollen elo 1.500 Awunner ënner d'Lupp geholl ginn. D'Carole Schimmer erkläert, firwat datt d'Fuerscher dee Virus besser wëlle kenneléieren.
Schätz aus dem natur musée
Moies fréi héiert ee well ganz vill Villercher päifen a sangen, an d'Kuebe sinn och haart a fläisseg ënnerwee. Wéi intelligent sinn awer d'Vullen? Op dës Fro huet de Claude Heidt aus dem natur musée vill Erstaunleches a Witzeges ze erzielen.
Visite Guidée - Post aus der Festung
Ronderëm d'Stad Lëtzebuerg stoung fréier eng Festung. A mat fréier mengen ech ganz fréier: déi al Réimer haten ugefaangen, dës Anlag héichzezéien. D'Geschicht vun der Festung gëtt am Festungsmusée, och nach Musée Dräi Eechelen, hei um Kierchbierg erzielt. An zwar mat allerlee Objeten, déi am Musée gesammelt ginn. De Ralph Lange vum M3E weess méi.
Tania Hermann liest "Cassis" vum Francis Kirps
Keng flott Renconter huet den Tom, wéi hien deem ale Mann begéint. Am Fong geholl sollt hien elo séier heem lafen a senger Mamm de Cassis bréngen, mee do ass jo deen Hond ... D'Tania Hermann erzielt eis elo, wéi et weidergeet am Francis Kirps senger Geschicht "Ein Hund namens Cassis".
Mir schreiwen zesummen e Buch
... wat ass nëmme lass mam Tun, Alex an Nadine?
D'Sunni an de Raphael verstinn net, firwat hir Kolleegen an der Hiel esou komesch, anescht sinn ... mee da geschitt eppes mat deem kee gerechent hat ... lauschtert gutt no!
De Mr. Science
haut brauche mer eng Gromper, en Nol, an dräi Forschetten - an da froe mer een aus der Famill, ob dee mengt mir géifen et fäerdeg bréngen d'Gromper um Nol opgepickt um Fanger ze balancéieren ... weist d'Forschetten net direkt - well domat baue mer eng Gromperepyramid, an da geet dat tipptopp, well de Schwéierpunkt vun der Gromper duerch déi agepickte Forschetten no ënne verlagert gëtt ... lauschtert emol, de Joseph Rodesch kann dat nach vill besser erklären ...
...och op www.science.lu