Radioen

On air

E-Lodie  |  E-Lodie

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu Kiwien a Piniekären

Postkaart vum Christiane

Vu Kiwien a Piniekären

Landwirtschaft huet dacks ee schlechten Image - dobäi ass se mat villen Aspekter verbonnen - wéi Gesondheet, Biodiversitéit, Gerechtegkeet, Fairtrade, Klimawandel, Erosioun vum Buedem - a se liwwert dat, wat de Mënsch am meeschte braucht: Liewensmëttel. Mat dëser Serie gi mir op d'Rees a kucken, wéi Landwirtschaft an anere Länner ass ... Dës Kéier sti Jonker, déi op Farmen an Australie schaffen, am Mëttelpunkt vum Christiane Walerich senger Postkaart aus Neuseeland.

auto_stories

10 min

Op eiser Rees duerch Neuseeland geet et net ëm Hénger - wéi am Lidd vum Stroossemuseker Tawhai Konia besongen - mee ëm eng Fruucht, déi zumindest vun der Form hier engem Ee gläicht: d'Kiwifrucht. Si, souwéi och d'Piniekären, op déi mir méi spéit aginn, si grouss lokal Exportartikelen.

Fir méi iwwer d'Kiwie gewuer ze ginn, besiche mir eng Plantage op der Nordinsel vun Neuseeland - an der Bay of Plenty, wou praktesch 80 Prozent vun de Kiwifriichte gezillt ginn.

Et ass grad Summer, wat hei an de Mount Februar fält - an immens waarm. Laanscht Stroosse stinn Infoschëlder, déi wéi eng Auer ausgesinn, mat engem Zär an der Mëtt, dee vun der Faarf gréng/niddreg op rout/extrem héich geet.

Dës Infotafele weisen op d'Feiergefor, den Hautausschlagsrisiko wéinst der Sonn hin - oder signaliséieren, wéini de Waasserverbrauch ze reduzéieren ass. Bei Flëss weise si esouguer d'Waasserqualitéit un. Praktesch iwwerall ass dësen Zär op rout/extrem héich.

Den Impakt vum Klimawandel

D'Neiegkeeten am Radio befaasse sech mat engem grousse Feier op der Südinsel vun Neuseeland, wou eng Fläch vun 2.000 Hektar brennt. Gefaart gëtt, datt dës Feieren an Zukunft vill méi dacks wäerte virkommen - opgrond vum Klimawandel. Esou war dëse Summer deen drëttwäermste Summer, dee jeemools gemooss gouf. Am Januar a Februar gouf et praktesch kee Reen ...

Wat mir méi no vun der Bay of Plenty kommen, desto méi verännert sech d'Landschaft. Hecke vu sechs Meter Héicht sti wéi Schutzmauere ronderëm d'Plantagen - grouss Monokulture vun Avocadoen, Kiwien an Äppel.

Lénks weist d'Schëld KiwiFruit Companie op ee Landsëtz, wou 30 Hektar Kiwiriewen ugebaut ginn. Grouss Pergolae stäipen en dichten Teppech aus Blieder a Friichten. Iwwer dësem Vegetatiounsteppech goufen déi nei Äscht vun den Kiwiplanzen an Zeltform héichgezunn. Si wäerten d'nächst Joer Friichten droen.

Bei de Bürosraim vun der Plantage waart schonn de Gewin Fleming op eis. Zanter 50 Joer baut seng Famill Kiwien un - virun allem Zespri Green a Gold. Mee och Kiwibiren, déi vun der Gréisst hir éischter u gréng Kréischelen erënneren.

Op d'Fro, ob si de Klima-Impakt mierken, mengt hien:

"We are seeing it with the unusual weather patterns. We had a very warm summer this year, we seem to get larger downpours at certain times of the year. So yeah ... in the future if we are looking 50 to 70 years ahead, then there are areas in New Zealand that are not suitable for growing Kiwi fruit at the moment, that will be in the future and vice versa ..."

1904 sinn déi éischt Kiwien an d'Land ukomm. Dat well eng Neuseelännesch Léierin vun enger Rees a China Som matbruecht an un déi lokal Züchtungsstatioun ginn hat. Déi éischt Kiwie waren nach ganz kleng - eréischt duerch vill Kräizunge sinn déi Friichten entstanen, déi mir haut kennen.

Déi bekanntste Kiwizort, déi weltwäit ugebaut gëtt, gouf iwwregens vum Neuseelänner Haywood Right geziicht. Donieft ginn et vill aner Zorten, mee déi sech dacks net esou gutt vermaarte loossen.

An Neuseeland huet Zespri de Monopol vum Export. A bis zu 60 Länner weltwäit gëtt déi brong Nationalfruucht geliwwert. Ronn 40 Prozent vum Kiwi-Export geet a China a Japan.

"If we want to export Kiwi fruit to Luxemburg by law it has to go through Zespri the only exception to that rule is: We are free to export kiwi fruit to Australia. Zespri will export about a 150 million trays of kiwi fruit. And it will generate about two billions for the New Zealand economy."

Neuseeland ass dee gréisste Kiwiverkeefer weltwäit, wat den Dollarwäert vum Verkaf ubelaangt. Mee Italien a China produzéiere mëttlerweil eng méi grouss Mass un Friichten, woubäi China net exportéiert.

Kiwi als Exportfruucht

Entstanen ass den Zesummeschloss vun Zespri, dee mëttlerweil ronn 2.500 Kiwibetriber ëmfaasst, viru 25 Joer fir ze verhënneren, datt d'Neuseelänner sech géigesäiteg beim Export ënnerbidden. Zespri wier als Genossenschaft och relativ demokratesch opgestallt, mengt de Fleming. D'Decisioune géife vun den aktiven Undeelsbesëtzer getraff ginn. Si bis elo, wéi déi meeschte Plantagen, nach ëmmer a Familljenhand, wéineg géife grousse Firme gehéieren.

Als Kiwibauer ginn et keng finanziell Bäihëllefe vum Staat, mee et gëtt eng Primm fir gutt Qualitéit. Sou bezuelt Zespri op d'Quantitéit, d'Qualitéit an op den Erntezäitpunkt - fréi am Joer ass de Revenu am Beschten.

"And then there are other forces, the worldwide market forces, that will come into it for instance. If in Chile they having frosts they are having hale and that fruit in Chile is damaged, then Zespri will step in ..."

Spillraum fir de Präis gëtt et och doduerch, datt déi gréng Kiwifriichte bis zu néng Méint - an d'Goldkiwie bis zu zwee Méint bei ee bis zwee Grad Celsius gelagert kenne ginn - éier se vum Hafe vun Tauranga bis an Europa verfracht ginn.

Fir d'Bestäubung steet eng Rei männlech Kiwiriewe jeeweils véier Reie weibleche Kiwiplanze géintiwwer. Duerch Beiestäck, déi während der Bléi zum Asaz kommen, ass de Bestäubungstaux ëm 700 Prozent geklommen. Eng eenzel Kiwiplanz kann dann och bis zu 1.200 Kiwie produzéieren.

"So we prefer to rely on bees. As an industry we are very careful about the sprays that we use, we are very aware of the important role that bees play. "

Am Hierscht - Mëtt Mäerz bis Enn Juni - ginn d'Kiwie gepléckt. Ronn 22.000 Saisonsaarbechter kommen dee Moment an d'Bay of Plenty fir ze plécken, ze verpaken oder ze liwweren. Fir si si Schlofméiglechkeete virgesinn - mee

"... it is predicted this year that we might be short about 2.000 people ... "

All Joer riskéieren net genuch saisonal Aarbechtskräften do ze sinn. Sou gräift Neuseeland engersäits op Dausende vun Rucksaktouristen zeréck, an anersäits gëtt et ee speziellen Aarbechtsvisa fir d'Erntezäit.

Mee ee Problem wär, datt ëm déi selwecht Zäit Australie massiv no saisonalen Aarbechtskräfte sicht, an zudeem och déi lokal Tourismusindustrie vill Personal brauch ... An d'Kiwiplecken ass ee Knachenjob: Et muss ee sech ënner de Pergolae bécken, ee volle Kiwikuerf ëm den Hals weit ronn 20 Kilo. Dobäi gëtt am Akkord gepléckt an dat während Deeg, Wochen. An, als Kiwi-Pléckert verdéngt een am Duerchschnëtt just 22 NZ Dollar an der Stonn - ronn 13 Euro.

Een Challenge, fir deen d'Kiwiindustrie nach keng Léisung fonnt huet.

Piniebeem a -kären

Aarbechtskräfte vu bausse brauch och de Lee Paterson vu Pinoli Pine Nuts. Seng Farm befënnt sech op der Südinsel vun Neuseeland.

"The main roble we are worried about in New Zealand is fire, because we have such fertile grounds. We have a lot of grass. Grass grows crazy in New Zealand, but of course it dries out and it gets really hot in Summer and fires could just take the orchard out."

De Lee Paterson huet all Grond besuergt ze si mat senge 40.000 Piniebeem. Déi ausgedréchent Hiwwelen op deenen zum Deel just nach goldgielt Grass steet, wierke bal wéi Sanddünen. Bekannt ass d'Géigend vu Malbourough virun allem fir säi Wäinubau, deen am Géigesaz zu de Piniebeem vill Waasser brauch.

Iwwer den Ëmwee vun der Forstwirtschaft, wou hien 20 Joer geschafft hat, ass de Lee Paterson op d'Pinienkäeren komm

"We didn't know anything about it at the time, other than that we enjoyed pinenuts ..."

Op 40 Hektar gouf virun allem d'Zort Pinus Pinea geplanzt, déi am populäersten ass an och am europäesche Mëttelmierraum steet.

"And it is very easy to grow and you don't have to wait long for a crop. One of the really good things about Pinus Pinea is, that it is a really tough tree, because they come of a kind of coastal desert, climate. They don't need actually much water and they don't have any natural enemies in New Zealand."

No zéng Joer kënnt ee mat zwee bis dräi Pinienzapfe pro Bam rechnen, no 20 Joer wieren et der 20 bis 30. Ronn dräi Joer hänken d'Piniekären no der Wandbestäubung um Bam, éier se zeideg sinn.

"The people often wonder why Pine Nuts are so expensive, because they are actually really easy to grow, if you have got a little time and they are straightforward to harvest. But that is when the fun begins."

D'Pinienzapfen ginn am Wanter gepléckt a bis zum Summer gelagert, wou se an der Sonn gedréchent ginn, sou datt d'Kären aus den Zapfen erausfalen. Fir ee Kilo Piniekäre brauch ee 65 Pinienzapfen - an de ganze Prozess bis zum fäerdege Kär ëmfaasst 36 Aarbechtsschrëtt.

"It is quite a long and convoluted process, to go from the pine cone to the kernel. "

Fir dat ze bewältegen huet de Lee Paterson nieft senger Plantage zwou Hale mat moderne Maschinne stoen.

Nodeems de Piniekär aus dem Zapfen eraus ass, muss e wéi bei enger Pistasch vu senger fester Schuel befreit ginn. An engem weidere Prozess ginn d'Piniekäre gebotzt, gewäsch a gedréchent. Eng elektronesch Maschinn mécht de leschte Qualitéitscheck ... Dono gi si manuell an Tute verpaakt an etikettéiert.

De gréisste Marché vu Pinoli Pine Nuts ass Europa, virun allem Spuenien, Italien, mee och Däitschland an Dänemark. Piniekären ze verkafe wär hei net schwéier, well se traditionell am mëttleren Osten ugebaut goufen. Seng Firma géif grad och dovu profitéieren, datt a Südeuropa ëmmer méi Plantagë verschwanne fir Weess unzebauen.

"A lot of the areas that traditionally have been pine nut orchards are been cut down and they are growing wheat in their soils. So the market is increasing."

Och de Veganismus hätt dem Verkaf vun de Piniekäre genotzt. Mir verloossen de Lee Paterson an d'Pinienkäere. Ee leschte Rendez-vous hu mir mat der Angela Clifford vun Eat New Zealand, en Zesummeschloss vu bedeitende Kichecheffen, Produzenten, Vertrieder aus der Tourismus- a Mediebranche.

D'Angela Clifford, déi nieft dem Projet Eat New Zealand, eng ganz divers opgestallte Farm bedreift, gesäit déi gréissten Erausfuerderung fir d'Zukunft am Klimawandel:

"As a producer - climate change - without a doubt: just that level of agricultural risk is going to increase hugely so it is how we mitigate or help stop those risks from becoming a major thing that prevents how we can grow food and how we can produce food."

Fir méi Nohaltegkeet misst d'Roll vun de Supermarchéen an Zukunft ageschränkt ginn, dogéint sollt de Lien tëschent regionale Produzenten a Konsumente gestäerkt ginn.

"I don't think the future of food belongs in supermarkets. I think the future of food belongs to communities, the future of food belongs to farmers markets and growers, both small and large growers ... and it is the same for fishers that is a really big part of New Zealand ... Because we believe if they can connect directly with how their food is grown and those who have grown it, then there are some amazing environmental outcomes that come out of that close connection ..."

Wéi wäerten sech de Kiwi- a Piniekärenubau, déi staark op den Export ausgeriicht sinn, veränneren an Zäiten, an deenen de Klimawandel méi Handlungsoptioune fuerdert?

Wäert et an Zukunft erëm méi een diversen Ubau ginn? Een Ubau, dee sech méi op de lokale Maart konzentréiert?