Radioen

On air

Notturno  |  Michael Kiwanuka - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Waffeproduktioun a Waffenhandel

Rüstung

Waffeproduktioun a Waffenhandel

D'Zäre vun der Atomkrichsauer stinn op kuerz virun Zwielef. 2016 gouf weltwäit opgerüst. Nieft Nuklear- an traditionelle Waffe spillen och sougenannte Killer-Roboteren eng wichteg Roll. Wat kënnt an den nächste Joren op eis duer?

auto_stories

4 min

Zënter dem 22. Januar 2015 steet d'Atomkrichsauer op dräi Minutte virun Zwielef. Dës Auer, déi och nach Doomsday Clock genannt gëtt, verdäitlecht d'Gefor vun enger globaler nuklearer Katastroph op eng symbolesch Manéier. Wat d'Zäre méi no bei Zwielef stinn, wat d'Gefor méi grouss ass. Esou no bei 12 wéi den Ament stoungen d'Zären nëmmen am Kale Krich: Vu 1953 bis 1960 stoungen se op zwou Minutte virun Zwielef. A vun 1984 bis 1988 op dräi Minutte virun Zwielef. 2015 goufen d'Zäre fir d'éischte Kéier zënter 2012 no vir geréckelt. Dëst virun allem wéinst den neie Spannungen tëscht den USA a Russland.

2016 hu béid Länner weider an d’Moderniséierung vun hirem Atomwaffenarsenal investéiert, confirméiert de Bruno Hellendorff vum belsche Fuerschungsinstitut GRIP (Group on Research and Information on Peace and Security). Russland hätt an nei Rakéite mat enger eemoleger Zerstéierungscapacitéit investéiert, esou den Expert. An d'USA hätten 1.000 Milliarden an eng Moderniséierung vun hirem nukleare Waffenarsenal iwwer déi nächst 30 Joer investéiert.

Eng imminent Gefor?

Och d’Nuklearambitioune vun Nordkorea wiere problematesch, esou de Bruno Hellendorff. Am Januar 2016 huet déi demokratesch Volleksrepublik eng Waasserstoffbomm detonéiere gelooss. D'Entwécklung vu Massevernichtungswaffen an Nordkorea ass vun der internationaler Communitéit streng veruerteelt ginn. An awer goufe weider Tester gemaach. Dee leschten Test gouf am September 2016 lancéiert.

Eng Gefor vun engem imminenten Atomkrich géif de Moment net bestoen, mengt de Bruno Hellendorff. Mee, "all klenge Risiko ka grouss Konsequenzen hunn." E Risikofacteur ass fir den Expert Nordkorea, mee och de Konflikt tëscht Indien a Pakistan wier problematesch. Den nuklearen Terrorismus wier eng weider Gefor, gëtt de Bruno Hellendorf ze bedenken. "Dat ass eng Méiglechkeet, déi zënter dem 11. September op internationalem Niveau diskutéiert gëtt."

1676 Milliarden Dollar Militärausgaben

D'international Ofrüstungsbeméiungen hu sech laang Zäit op Atomwaffe konzentréiert. Déi meeschten Affer vun arméierte Konflikter stierwen awer net duerch Massevernichtungswaffen, mee duerch konventionell Waffen, zum Beispill Gewierer, Pistoulen, Granaten oder Minnen. Eréischt zënter Dezember 2014 existéiert ee multilateralen Traité - dee sougenannten "Arms Trade Treaty" - duerch deen den internationale Commerce mat konventionelle Waffe besser reguléiert soll ginn.

Déi praktesch Ëmsetzung vun dësem, esou wéi vun anere méi regionalen Traitéen, ass awer problematesch. De Verkaf vu konventionelle Waffen ass zënter 2014 geklommen. Och d'Zuel vun den Affer vu Minnen ass an d'Luucht gaangen, beleet ee rezente Rapport vum "Observatoire des Mines".

2015 wieren d'Militärausgabe weltwäit geklommen, confirméiert de Bruno Hellendorff vu GRIP: 1676 Milliarden Dollar wieren insgesamt ausgi ginn, esou den Expert. Dat wier eng Hausse vun engem Prozent par rapport vun 2015. "D'USA maachen een Drëttel vun där Zomm aus. Hannendru komme China, Saudiarabien a Groussbritannien."

Illegal Waffen

Géif ee sech allerdéngs d'international Waffentransferten ukucken, da wieren d'EU-Staaten, d'USA a China responsabel fir 84,4 Prozent vun den Exporter. "Ee klenge Club vun Exportateuren huet d'Kontroll iwwer d'Haapt-Waffeverkeef."

Dem Bruno Hellendorff seng Donnéeë berouen op de Statistike vum Friddensfuerschungsinstitut SIPRI (Stockholm International Peace Research Institute). Do ginn awer nëmmen offiziell Verkafszuelen opgelëscht, déi op Rüstungstransaktiounen tëscht Staate berouen. Nieft dem legale Marché gëtt et awer een international vernetzte Schwaarzmaart. Iwwer dëse gëtt et awer keng zouverlässlech Zuelen.

D'illegal Produktioun vu Waffe wier awer limitéiert, erkläert de Bruno Hellendorff. Dat géif bedeiten, datt déi illegal Waffe legal produzéiert goufen. Problematesch wier also net d'Produktioun, mee den Detournement vu Waffen, d'Reaktivéierung vun desaktivéierte Waffen an de Waffenhandel, betount den Expert. "All illegal Waff war zu engem bestëmmte Moment legal." Dofir wier et wichteg, datt géif kontrolléiert ginn, wat mat dëse Waffe geschitt.

Dernieft ass dem Bruno Hellendorff no den illegale Waffenhandel un aneren illegale Commercë wéi Drogenhandel oder Mënschenhandel gebonnen. Rebellegruppen an aner Konfliktparteie finanzéieren hir Waffen iwwerdeems dacks duerch d'Exploitatioun an de Verkaf vun natierleche Ressourcen, wéi zum Beispill Koltan, Diamanten oder Holz. Dës Ressourcë fannen hire Wee op de legale Marché a ginn zu engem groussen Deel och an de sougenannten entwéckelte Länner weiderverschafft a -verkaf. De Problem vum illegale Waffemaart beschränkt sech also net op Kriseregiounen, mee betrëfft och westlech Staaten.

D'Gefor vun der kënschtlecher Intelligenz

Nieft der Entwécklung vu Massevernichtungswaffen a konventioneller Rüstung wäert an Zukunft och d'Gefor vun intelligente Waffen, wéi autonom Killer-Roboteren eng wichteg Roll spillen. Schonn am Abrëll 2013 gouf vun enger Réi ONGen eng international Campagne géint Killer-Robotere lancéiert fir op ethesch, politesch a juristesch Problemer vun autonome Waffen opmierksam ze maachen.

Nach wier net gekläert, wéi de Gebrauch vun esou Waffe reguléiert soll ginn, erkläert de Bruno Hellendorff. "Dat ass eng Fro, op déi et haut nach keng Äntwert gëtt." Op militäreschem Plang géif sech d'Fro stellen, wat d'Konsequenze wieren, wann d'kënschtlech Intelligenz un Autonomie gewënnt. "Wann dir an enger militärescher Konfrontatioun d'Entscheedung engem Computer iwwerloosst, wéi legal ass dat a wéi vill Kontroll huet de Mënsch nach iwwer méiglech Risiken?"