Generator Wat ass kulturell Appropriatioun?

Ass et ok als wäiss Fra sech Trëtze maachen ze loossen, wéi se an der afrikanescher Kultur geleefeg sinn? Firwat dëst an och nach aner Saachen e Problem kënnen duerstellen, kläert d'Lara Bousch zesumme mam Antónia Ganeto an dësem Generator mam Iwwertitel: kulturell Appropriatioun.

Lara Bousch

Finkapé luxembourg
Foto: PIXEAZY MAD

An der Mainstream Kultur ass et ëmmer méi In sech mat ethnesche Musteren ze kleeden, ethnesch Frisuren auszeprobéieren oder wéi schwaarz Leit ze schwätzen. Mee fir esou e Behuele gëtt et och méi Kritik vu Minoritéiten, déi sech betraff a verletzt an hirer Kultur fillen. Dëst nennt ee kulturell Appropriatioun.

D'Antónia Ganeto ass Spriecherin vu Finkapé, e Reseau fir a vu Leit mat afrikanesche Wuerzelen zu Lëtzebuerg. Si ass um Cap Vert gebuer an zu Lëtzebuerg opgewuess, wou si och lo lieft. D'Jennifer Lopes Santos ass zu Lëtzebuerg gebuer, huet kapverdianesch Originnen a lieft zu Bréissel. Si zwee waren am Interview mam Lara Bousch.

"Déi kulturell Eegenschaften, zum Beispill d'Coiffure oder d'Kleeder, déi ginn an engem ganz bestëmmte Kontext gedroen an et muss een och soen, datt se fréier dacks als mannerwäerteg, als ellen oder esou guer blöd, domm, ugesi gi sinn. A wann anerer dat dann op bemol als moudesch deklaréieren, dann ass et ok. Si kënnen vun haut op muer déi Kleedungsstécker ausdoen, an dann ass et domadder gemaach. Fir eis ass et eng aner Saach, déi kulturell Eegenschaften déi gehéieren zu eiser kultureller Identitéit, a mir kënnen net wielen, vun haut op muer zum Beispill eng aner Hautfaarf ze hunn, oder Trëtzen ze droen ass och mat fillen Erausfuerderunge verbonnen. Mir wëssen dat, d'Geschicht seet eis dat. Eis Erfarung seet eis dat. An dofir stéiert dat. Et ass einfach respektlos, wann dann op emol déi Identitéits Eegenschafte gebraucht gi fir dann als Trendsetter ze gëllen" - Antónia Ganeto.

An der Mediathéik:

Generator / / Lara Bousch
Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen