Radioen

On air

Notturno  |  Slumbergaze - Conclave

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéi entsteet eng Wiederprevisioun?

Reen a Bou

Wéi entsteet eng Wiederprevisioun?

Se ginn am Laf vun de Joren no a no méi präzis a sinn aus eisem Alldag kaum nach ewechzedenken: d'Wiederprevisiounen. Mee wéi ginn dës iwwerhaapt opgesat? A wéi lande se schlussendlech um Radio oder an Ärer App?

auto_stories

7 min

De Philippe Ernzer erkläert, wéi Wiederprevisiounen entstinn. Foto: Archiv.

Wiederprevisioune ginn et u sech nach guer net sou laang. Am Joer 1861 huet d'Londoner "The Times" déi éischt Prognos erausginn an am selwechte Joer souguer nach Wiederkaarten. Dat awer net sou, wéi mir et haut kennen. "Liichte Westwand; gutt", sou ongeféier gouf dat deemools duerch ginn.

Déi éischt Miessungen

D'Leit hu sech awer scho méi fréi mam Wieder a mat senger Moossung befaasst: Dem Otto von Guericke, engem däitsche Physiker, ass et am Joer 1660 gelongen, den Zesummenhang vun déiwem Loftdrock a schlechtem Wieder ze erkennen. Wisou huet et dann awer nach knapp iwwer 200 Joer gedauert, bis een en éischte meteorologesche Bléck an d'Zukunft maache konnt?

Fir eng Previsioun ze maachen, brauch een als Basis fir d'éischt emol Wiederdaten. Am Joer 1800 ass dat éischt europäescht Statiounsnetz entstanen. De Problem war awer: Deemools waren d'Leit mat hire Postkutschen ze lues, fir déi gesammelt Donnéeën an engem nach aktuellen Zäitraum ofzeliwweren. Meeschtens si si eréischt an der nächster Stad ukomm, wann d'Donnéeë scho laang net méi der Aktualitéit entsprach hunn.

Telegraphie huet gehollef

Am 19. Joerhonnert huet d'Opkomme vun der Telegraphie villes verännert. Am Joer 1835 ass déi kommerziell Telegraphie entstanen, am Joer 1855 sinn an Europa och déi éischt méi flächendeckend Netzer ageriicht ginn. No sechs Joer Entwécklung, also am Joer 1861, konnten déi éischt brauchbar Wiederdonnéeën iwwerdroe ginn. D'Konditioun dofir: Eng gënschteg Wandrichtung. Fir d'Meteorologie war dëst e ganz grousse Succès.

D'Wiederstatiounen hunn zu där Zäit musse manuell ausgelies an ausgewäert ginn. D'Wëssenschaftler hunn awer scho méi fréi wéi een denkt un automatesche Léisunge geschafft. Dëst huet et engem erméiglecht, vun ofgeleeëne Platzen Donnéeën ze sammelen an och dës mat an d'Previsiounen z'integréieren.

Eng vun den éischten automatesche Statioune gouf am spéidere Verlaf vum Joer 1943 a Kanada opgebaut. Déi däitsch Krichsmarinn huet d'Anlag mat Batterië bedriwwen, déi iwwer sechs Méint all dräi Stonnen déi neist Donnéeë verschéckt huet.

Berechnung mat Hëllef vu "Computeren"

De Grondstee fir d'Berechnung vu Wiederprevisiounen huet den englesche Wëssenschaftler Lewis Fry Richardson am Joer 1922 geluecht. Hien hat d'Iddi, mat Hëllef vu Computere Wiederzeenarien an der Zukunft ze berechnen. Zu där Zäit huet een ënner dem Wuert "Computer" eng Persoun verstanen, déi Berechnunge mécht. En huet sech virgestallt, datt een déi ganz Atmosphär an eenzel Departementer ënnerdeele kéint - dat duerch d'Héicht iwwer dem Mieresspigel oder och duerch d'Breeden- a Längegraden agedeelt. An all sougenanntem Departement ass e Mënsch fir d'Duerchféiere vu verschiddenen Equatioune verantwortlech.

Dës Rechnunge fléissen ënner anerem déi aktuell Wiederdate wéi Wandvitesse a Wandrichtung, mee awer och Temperatur a Loftfiichtegkeet. Aus dem physikaleschen Zoustand vum eegenen Departement gi Previsiounswäerter erstallt, déi un aner Departementer weidergeschéckt ginn. Et ass no a no also e Previsiounssystem un d'Lafe komm, deen och haut nach sou ähnlech am Gebrauch ass.

Den Ënnerscheed: Hautzedaags si fir d'Berechnunge keng Mënsche méi zoustänneg, mee leeschtungsstaark Computeren, wéi mir se kennen. Leeschtungsstaark ass dobäi nach ënnerdriwwen: d'Meteorologie war de Grond, firwat an de 50er a 60er Joren intensiv un de sougenannte "Supercomputere" geschafft gouf.

Et gi verschidde Berechnungsmodeller

Donnéeë vum Buedem ginn net duer, fir gutt Previsiounen ze maachen - dat ass de Leit ëm 1950 opgefall. Déi éischt Wiedersatellitten, Radiosonden (also Wiederballonen) a Wieder-Radarsystemer koumen vun 1960 un no a no an den Asaz. Doduerch konnt een den Zäitraum, fir eng Previsioun ze maachen, vun dräi op fënnef Deeg verlängeren.

E ganze Koup Equatioune ginn haut vun de Supercomputeren uechter d'Welt genotzt. Ëmmer mat abezu sinn och d'Donnéeën, déi vu Wiederstatiounen, Wiederballonen, Verkéiersfligeren a Wiedersatellitte gesammelt ginn. D'Berechnunge kënnen op ënnerschiddlech Aart a Weis gemaach ginn - dat och méi héich op eng bestëmmte Surface opgeléist.

Do wiere mir da beim Thema Wiedermodeller ukomm. Där ginn et der eng ganz Rëtsch, wéi zum Beispill den amerikanesche Global Forecast System (kuerz GFS), den europäeschen EZMWF (Europäisches Zentrum für mittelfristige Wettervorhersage), den däitschen ICON (Icosahedral Nonhydrostatic Model European Nest), de franséischen ARPEGE (Action de Recherche Petite Echelle Grande Echelle), den AROME (Application of Research to Operations at Mesoscale) an den hollänneschen HIRLAM (High Resolution Limited Area Model). Dat waren der just e puer, et ginn der awer nach e ganze Koup. An éischter Linn ass et d'Opléisung, déi d'Berechnunge vun dësen eenzele Modeller vuneneen ënnerscheet.

Déi gëlle Mëtt: Eng gutt Prognos

Wann een eng Previsioun maache wëllt, muss een d'Resultater vun deenen eenzele Modeller als verschidde Meenungen ophuelen. Et ass sou, wéi wann ee sech zu engem bestëmmten Thema d'Meenung vu ville verschiddene Leit unhéiert an duerno probéiert, eng allgemeng Meenung aus deene ville Meenungen ze zéien. Wann een déi gëlle Mëtt fënnt, trëfft d'Prognos ganz wahrscheinlech am beschten zou - an de leschte Joren ass mir dat ëmmer erëm opgefall.

Déi grad genannte Method gëtt virun allem bei Previsioune genotzt, déi bis zu dräi Deeg an d'Zukunft ginn. Bei kuerzfristege Prognosen, wéi beispillsweis fir eng Donnerwiederlag, sicht ee sech meeschtens déi Modeller aus, déi am héchsten opgeléist sinn. D'Auswiel vun de sougenannte Meenunge gëtt méi kleng an et loosse sech méi séier bestëmmten Zeenarien erausstellen.

Et sinn nach net all Parameter erfuerscht

Et muss een awer soen, datt kuerz virun engem Donnerwieder kee Modell méi genee soe kann, wat kënnt. Do kënnt de sougenannten "Nowcast" an d'Spill. Et behält een also déi momentan Observatiounen am Aen an et setzt ee sech dorausser selwer eng kuerzfristeg Previsioun zesummen.

Hanner dem Maache vu Previsioune stécht, wéi mir grad matkritt hunn, e ganz groussen Opwand. Obwuel d'Trefferquot an de leschte Joren däitlech an d'Luucht gaangen ass, kënnt et ëmmer erëm vir, datt eng Previsioun bal net bis iwwerhaapt net zoutrefft. Den Haaptgrond dofir ass, datt d'Äerdatmosphär ëmmer nach net ganz erfuerscht ass. Verschidde Parameteren, déi nach net bekannt sinn, ginn also guer net an déi Modell-Equatioune mat abezunn. A verschiddene Situatioune kënnt et dann also vir, datt et aneschters kënnt, wéi erwaart. Eng aner Saach ass déi potenziell mënschlech Fehlinterpretatioun vun de Modeller.

Déi mënschlech Komponent hëlleft

Déi Previsiounen, déi haut am Beschten zoutreffen, sinn déi, déi niewebäi och nach vun engem Mënsch op Plausibilitéit iwwerpréift ginn. Op ville Wiedersäiten a virun allem Wiederapplikatiounen um Smartphone ass dat net de Fall: Dacks gëtt just ee Modell ausgesicht, vun dem d'Simulatiounen einfach 1:1, wéi se berechent ginn, ugewise ginn.

Ongënschteg gëtt et dann, wann ee beispillsweis iergendwou wunnt, wou vill Bierger oder Erhiewunge sinn. Bei Applikatioune kënnt meeschtens den amerikanesche Wiedermodell GFS an den Asaz, deen 28 km x 28 km opgeléist ass. Eng korrekt Previsioun fir eng méi komplizéiert orographesch Géigend ass also net ganz wahrscheinlech.

Deem ganzen entgéintwierke kann een, andeems de Meteorolog selwer nach eng Kéier iwwer d'Simulatioun kuckt an dës duerch seng Erfahrungswäerter, déi hien an de vergaangene Jore gesammelt huet, korrigéiert. Fir ee Beispill ze nennen: Am Summer berechent de GFS d'Temperaturen dacks méi niddreg, wéi se am Endeffekt wierklech antreffen. Fir d'Trefferquot ze verbesseren, ginn einfach e puer Grad drop gerechent.

Fir dëst villfältegt Thema ofzeschléissen, hei nach en interessante Fun Fact fir matzehuelen: Hautzedaags ass eng Previsioun fir déi nächst Woch ongeféier sou zouverlässeg, wéi virun 30 Joer eng Previsioun fir de nächsten Dag.