Den Arthur Clees spillt Vibrafon, Batterie, séngt a schreift. Als Member vun der Band Jambal kenne Leit, déi sech fir den Jazz -Crossover-Beraich interesséieren, hie villäicht schonns méi laang. De jonke Lëtzebuerger, deen zu Dresde Kompositioun am Jazz-a Pop-Beraich studéiert, spillt ënnert anerem an der Band Jambal, zesumme mam Trompettist Ben Bley, dem Bassist Maxime Igisch an dem Drummer Luca Garofalo, fir nëmmen een Ensembel ze nennen. Haut kënnt den Arthur Clees haut mat enger Solo-Plack an d’Scheinwerfer, déi e bëssen u rezent brittesch Musek erënnert.
arrow_back_ios
Bei der Kaffismaschinn
Arthur Clees - Stay, Temporary Home
headphones
14 min
Lauschteren
play_arrow
mic_none
Presentéiert vum
- Marc Clement