Europa Aktuell
Azoren: Test-Vott fir d'Parlamentswalen am Mäerz
4 min
Op den Azoren, de portugiseschen Insele matzen am Atlantik gouf e Sonndeg gewielt. Eng Wal, op déi dës Kéier méi genee gekuckt gouf. Dat läit dorun, datt den 10. Mäerz a Portugal en neit Parlament gewielt gëtt - an dee Vott op den Inselen als eng Zort Test gëlle kéint.
D'Sozialisten hunn op den Azoren d'Wal fir d'éischte Kéier zanter Jore verluer, wärend d'Mëtt-Riets-Koalitioun net op déi absolut Majoritéit kënnt. Domat stellt sech d'Fro vun enger Koalitioun mat der extrem-rietser Partei "Chega" - genee déi nämmlecht Situatioun kéint sech am Mäerz op nationalem Niveau weisen.