Fir de Xavier Bettel a fir d’Yuriko Backes war et déi zweet Rees an d’Ukrain, zanter datt Russland virun eppes iwwer dräi Joer an d’Land amarschéiert ass.
E Mëttwoch waren den Ausseminister an d’Verteidegungsministerin fir eng kuerz Visitt vu ronn 15 Stonnen zu Kiew - wou si sech zesumme mat Lëtzebuerger Journalisten a Journalistinnen e Bild vun der Situatioun gemaach hunn - an eng ganz Partie Rendez-vousen haten - dorënner den ukraineschen Ausseminister, de Premierminister ... an de President Wolodymir Zelenskyj.
Bei där Entrevue hunn d’Journalisten aus Sécherheetsgrënn net dierfen derbäi sinn - d’Danièle Weber huet awer profitéiert, fir op der Plaz mat enger Partie anere Leit ronderëm déi Visitt ze schwätzen.