Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Be the Change

Be the Change

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

De wuel bekannte Perkussionist Stéphane Edouard hat 2021 mat ‘Pondicergy Airlines ‘ säin Debut-Album als Leader verëffentlecht. Sorop héiere mer dem Artist säin Parcours als Museker, vuPondicergy an Inden bis hin zu senger Kandheet di en zu Cergy verbruet huet.


Den aussergewéinlechen indesche Gittarist Trilok Gurtu dee bekannt ass fir seng Fusioun vun den indeschen Traditiounen mam Jazz an der World Musek ass haut derbäi an och aus Indien de Debashish Bhattacharya, e klassesche Museker, Sänger a Komponist vun deem gesot gëtt hie wier deen éischten deen d’Slide-Gittar Syllabus agefouert hätt.


Aus dem Mali kennt di jonk Band Songhoy Blues. Des jonk Leit hunn hiert Heem am Norde vum Mali misse verloossen wéi radikal Islamisten d’Regioun onsécher gemaach hunn. An der Sécherheet vu Bamako hu se decidéiert eng Band ze grënnen an hir Musek ass dem Amadou & Mariam hirem Manager zu Ouere koum. Vun do un huet hiert d’Liewen sech verännert…zum Gudden!


E neie Stär um Museks-Himmel ass di Londoner Sängerin Muva Of Earth. Si hat dëse Summer en Optrëtt zu Sète am schéinen Théâtre de la Mer. Op dëser aussergewéinlech schéiner Bün vum Worldwide Festival ass di jonk Artistin fir d’éischt live a Frankräich opgetrueden. Tëscht de Säiten vun hirer Harf an dem Mikro a begleet vun engem Cello an engem Batteur huet d’ Muva Of Earth mam richtege Numm Davina Adeosun-Bright hir éischt Kompositiounen virgestallt, e schéinen, spirituellen Disk deen z’entdecken ass!


Di spuenesch Sängerin Rosalía huet e neien Titel zesummen mam Björk opgeholl wou di zwou Artistinnen géint de Ravage vun den Aquakulturen an Island sangen. ‘Help figh Fish Farming in Iceland’ heescht d’Lidd wat den Ament just op Youtube ze lauschteren ass. De Benefice vun dësem Lidd soll den Aktivisten zougutts kommen.


Vun Jamaika kommen de Max Romeo a seng Upsetters. 1976 koum den Album ‘War Ina Babylon’ eraus. d’Texter sinn nach ëmmer vun Aktualitéit, dat “Schlecht”, de Luzifer schécke mer an de Weltall fir dass en sech eng aner Rasse siche geet….


Zum Schluss vun One World haut héiere mer di faméis kalifornesch Reggae Band Groundation mat hirem ‘Nyabinghi Order’ vum Album Each One Teach One. De Numm Nyahbinghi soll anscheinend heeschen ‘Death To All Oppressors’. E bëssi radikal a genee d’ Radikalitéit ass ee grousse Problem vun haut ….


Playlist:


1. Karate Boogaloo & Danielle Ponder - Little Bit - Look Around / Little Bit

2. Stéphane Edouard - One Last Time - Pondicergy Airlines

3. Debashish Bhattacharya - Anandi on the Loose - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe

4. Trilok Gurtu - Kabir - Broken Rhythms

5. Songhoy Blues - Soubour - Music in Exile (Deluxe)

6. Tinariwen - Toumast Tincha - Emmaar

7. muva of Earth - no one else has your magik! - muva of Earth align with Nature's Intelligence

8. ROSALÍA - MALAMENTE (Cap.1: Augurio) - EL MAL QUERER

9. La Yegros - Viene de Mi - Viene de Mi

10. Calypso Rose - Calypso Blues - So Calypso !

11. Max Romeo & The Upsetters - Chase The Devil - War Ina Babylon (Expanded Edition)

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.