Radioen

On air

Thé Dansant  |  Sam and Dave - Soul Man

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ cool tracks

cool tracks

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De Gittarist Marc Ribot ass bekannt sech a méi Stiler auszedrécken: No Wave, Free-Jazz, Rock an och an der kubanescher Musek. An den Enn 90er war hie mat den Cubanos Postizos déi ultimativ Partyband vun New York.


Um Album “Visions” vum Cinephonic aka Pierre Chrétien a sengem Kollektiv héiere mir al mëttelalterlech a barock Theemen. Dës begéinen de Soul, den Jazz an d’Psychedelik, dat Ganzt interpretéiert vun engem 14-käppegen Ensembel an och nach analog opgeholl.


Vill Decouverten an nei Nimm dës Kéier bei One World: De Komponist a Produzent Kalaido mat engem cosy Jazz, den dänesche DJ, Soundtrack-Komponist a Sänger Peder, déi schottesch Singer-Songwriterin a Multiinstrumentalistin Brooke Combe ...


“Henri Salvador est un Voyou”, esou heescht deen neien Album vum Thibaud Vanhooland alias Voyou. Den Disk ass en Hommage un den Henri Salvador, Monument vun der franséischer Chanson.


Den Durand Jones & The Indications ass an der Bléi! Den Trio iwwerschreift säin neien Album passend “Flowers” a léist seng Faarwen erkléngen: hir Roots-Influenzen, hir Maturitéit an och Selbstvertrauen.


Och d’Finnen vu Rosettes hunn eng Aktualitéit: “Lifestyles”, eng Rees an de Soul an de Funk mat engem psychedeleschen Touch produzéiert.


Playlist:

1. Charley Crockett - Downtrodden Man - In the Night

2. Marc Ribot y Los Cubanos Postizos - No Me Llores Mas - Y los Cubanos Postizos

3. Wolfgang Haffner - Libertango (feat. Ulf Wakenius, Sebastián Studnitzky & Vincent Peirani) - Kind of Tango

4. Cinephonic - Douleur - Visions

5. Kalaido - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) - Midnight Diner Curry (feat. Sam Miles) Skjold & Peder - Kærlighed På Klods - Populus

6. Voyou - Et des mandolines - Henri Salvador est un Voyou

7. Durand Jones & The Indications & Aaron Frazer - Been So Long - Flowers

8. Jalen Ngonda - Just As Long As We're Together - Just As Long As We're Together

9. Brooke Combe - Dancing At The Edge Of The World - Dancing At The Edge Of The World

10. Σtella - Ta Vimata - Adagio

11. Brian D'Addario - Spirit Without a Home - Till the Morning

12. Rosettes - Spirals - Lifestyles

13. Blue Material - NWO - Reasonings

14. Blue Material - Reasonings - Reasonings

15. Khruangbin - May Ninth - A la sala

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etapp a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.
headphones

56 min

play_arrow