Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Destroyer - Song For America

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Best of 2023

Best of 2023

headphones

57 min

Lauschteren play_arrow

D’Batteuse an d’Jazz-Komponistin Anne Paceo hat am Fréijoer déi nei Single “From Shadow to Light” verëffentlecht. Et ass e Lidd, dat si fir all dës Frae geschriwwen huet: eis Mammen, eis Groussmammen, Schwësteren, déi sech fir d’Rechter vun de Fraen agesat hunn.


Viru bal engem Joer, Enn Januar 2023, huet de Meeschter vum Oud, den Dhafer Youssef säin néngten Opus “Street of Minarets” erausbruecht. Gepräägt vun der Sufi Traditioun, mat där hien opgewuess ass, awer och vum Jazz an anere Genren, ass “Street of Minarets” eng musikalesch Rees tëschent de Welten.


“The Sky is the Same Colour Everywhere” ass e weideren onëmgänglechen Disk vun dësem Joer, d’Resultat vun der Kollaboratioun vun zwee Artisten, déi allebéid als Solo-Kënschtler bekannt sinn. De Kayhan Kalhor aus dem Iran op der Kamancheh, e persescht Säiteninstrument zesumme mam Toumani Diabaté aus dem Mali, och hien e Meeschter op sengem Instrument, der Kora.


Dem David Walters säin Album vun dësem Joer heescht “Soul Tropical”. De Multiinstrumentalist, Komponist an DJ, deen zu Marseille baséiert ass, weess och wéi wichteg et ass sech gutt ze ëmginn. Vill Influenze kommen hei zesummen, all eenzele Museker bréngt seng eege mat.”


“Voyageur” heescht de posthumen Album vum Ali Farka Touré, deen am Mäerz 2023 erauskoum. Den aussergewéinleche Gittarist aus de Mali, deen 2006 gestuerwen ass, huet net vill Material hannerlooss, dat net verëffentlecht ass. Superviséiert vu sengem Fils Vieux Farka Touré, héiere mir hei néng Lidder, déi iwwer eng Zäitspan vu 15 Joer opgeholl goufen.


Coup de Coeur vun dësem Joer ass och dEUS hiren “How to Replace It”. Et ass deen éischten Album zanter "Following Sea” aus dem Joer 2012. D’Antwerpener ronderëm déi irresistibel Stëmm an Energie vum Tom Barman verstinn hiert Handwierk!


Eng vun den Decouvertë vun dësem Joer ass d’Kollaboratioun tëschent dem hollännesche Keyboarder Erik Ritfeld an der jamaikanescher Sängerin Empress Chai, à suivre!


Mo' Horizons sinn déi zwee DJe Ralf Droesemeyer a Mark Wetzler. Si haten als Duo Enn den 90er ugefaangen op sech opmierksam ze maachen. Mat de Joren hu si sech zu engem Kollektiv entwéckelt, deen Jazz-Influenzen, Funk a World Musek zu engem koherenten an héich angeneeme Sound verbënnt.


Eng weider Decouverte vun dësem Joer ass och déi nach ganz onbekannte jonk Artistin aus dem Portugal, Ana Lua Caiano, déi dëst Joer op den Transmusicales vu Rennes programméiert war … à suivre!


Playlist:

1. Anne Pacéo - From Shadow to Light - From Shadow to Light - Single

2. Street of Minarets (feat. Ambrose Akinmusire, Nguyên Lê, Dave Holland, Adriano Tenorio DD & Dhafer Youssef - Vinnie Colaiuta) - Street of Minarets

3. Kayhan Kalhor & Toumani Diabate - The Sky Is the Same Colour Everywhere - The Sky Is the Same Colour Everywhere

4. David Walters, Ballaké Sissoko & Vincent Segal - An Lot Soley - Soul Tropical

5. Ali Farka Touré - Safari - Voyageur

6. dEUS - Dream Is a Giver - How To Replace It

7. Degiheugi - Un Jour Comme Un Autre (Moderator Remix) - Remixed Treasures

8. Empress Chai & Erik Ritfeld - Fix Me - Piece of Mind

9. Mo' Horizons - Mango Woman (feat. Gyedu-Blay Ambolley) - Mango

10. Ana Lua Caiano - Mão na Mão - Mão na Mão - Single

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.