Song vum Dag
Caroline Polachek - Dang
9 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/106423/image-thumb__106423__base_thumbnail/Caroline%20Polachek.0636aac1.jpg)
Mat hirer 4. Studioplack “Desire, I Want To Turn Into You” huet d'Caroline Polachek d'lescht Joer ee ganz besonnesche Sound, tëscht Pop-Mainstream an elektronescher Avantgarde, an de Ring geworf. Tracks wéi ”Bunny Is A Rider” oder “Pretty In Possible” sinn accessibel, mee net seicht - gevillvoll, mee net sentimental - an ëmmer mat vill “frëschen” Ingrediente gekacht. Ronderem deen ëmmer selwechte Pool vu Samples a Presets, déi a Pop-Produktiounen recycléiert a recycléiert ginn, mécht d’Caroline Polachek ee grousse Bou.
Presentéiert vum
- Marc Clement