Radioen

On air

Concert  |  Musek inspiréiert vum Mier

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

Radioprogramm / Retromania

/ Charles Aznavour: E legendäre Monsieur

Charles Aznavour: E legendäre Monsieur

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Monstre sacré de la chanson, talentéierte Museker an Entertainer, dee populäerste vun de franséische Museksartisten, hätt de leschte Mëttwoch 100 Joer kritt.
De Shanourgh Varinag Aznavourian koum den 22. Mee 1924 zu Paräis op d’Welt an ass weltwäit als Auteur-Compositeur-Interprète a franco-armeeneschen Acteur bekannt.
De Jean Cocteau huet iwwer den Aznavour geschriwwen: “Comment s'y prend-il, cet Aznavour, pour rendre l'amour malheureux sympathique aux hommes? Avant lui, le désespoir était impopulaire. Après lui, il ne l'est plus.”
A senger Karriär huet hien an iwwer 60 Filmer gespillt, iwwer 1.000 Lidder a fënnef Sprooche geschriwwen. An och wäit iwwer 100 Milliounen Diske vum Aznavour goufen op der ganzer Welt verkaf. An domadder ass et och kloer, datt de Charles Aznavour zu de weltwäit populäerste franséische Museksartiste gehéiert, an dat och nach bal sechs Joer no sengem Doud, den 1. Oktober 2018.
De grousse franzéischen Sänger, Entertainer an Acteur Charles Aznavour hätt de leschten Mëttwoch 100 Joer kritt, en ass den 22 Mee 1924 zu Paräis op d’Welt koum.
Enn dës Joers kënnt iwwregens e Film iwwert dësen aussergewéinlechen Artist eraus. De Mehdi Idir an de Grand Corps Malade alias Fabien Marsaud hunn de Film mam Titel “Monsieur Aznavour” realiséiert, a gespillt gëtt den Charles Aznavour vum franséischen Theater- a Filmacteur Tahar Rahim. De Film soll héchstwarscheinlech am Oktober 2024 a Frankräich eraus kommen.

Kultur
Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Peter Ustinov: En aussergewéinleche Kënschtler a groussen Humanist

Peter Ustinov: En aussergewéinleche Kënschtler a groussen Humanist

Den Acteur, Humanist a grousse Mënsch Peter Ustinov ass den 28. Mäerz 2004 am Alter vu bal 83 Joer gestuerwen.
Urs Widmer: Den Dramatiker an Romanauteur

Urs Widmer: Den Dramatiker an Romanauteur

De Schwäizer Auteur Urs Widmer ass den 2. Abrëll 2014, virun zéng Joer also, am Alter vu 75 Joer gestuerwen.
headphones

6 min

play_arrow
Roberto Ciulli: Déi lieweg Theaterlegend

Roberto Ciulli: Déi lieweg Theaterlegend

Deen italieeneschen Theaterregsiseur a Papp vum Grënner vum Theater an der Ruhr zu Müllheim krut den 1. Abrëll 90 Joer.
headphones

6 min

play_arrow
Viru 55 Joer war d'Bed-In-For-Peace-Aktioun

Viru 55 Joer war d'Bed-In-For-Peace-Aktioun

Viru 55 Joer louchen den John Lennon an d‘Yoko Ono zu Amsterdam mat hire Bed-In-For-Peace-Aktioun eng Woch laang fir de Weltfridden am Bett.
headphones

7 min

play_arrow
Nat King Cole: Den "Unforgettable" Artist

Nat King Cole: Den "Unforgettable" Artist

E grousse Museker mat enger aussergewéinlecher Stëmm
headphones

10 min

play_arrow
Joe DiMaggio: Sportlerlegend a Mythos vun der Popkultur

Joe DiMaggio: Sportlerlegend a Mythos vun der Popkultur

Den 8. Mäerz 1999, viru 25 Joer, ass d’Baseball-Legend am Alter vun 85 Joer gestuerwen. Hien hält zanter iwwer 80 Joer e Rekord.
headphones

11 min

play_arrow
Yehudi Menuhin: E grousse Museker, Humanist a Philantrop | © picture alliance / Heritage Art/Heritage Images | Mark S. Joffe

Yehudi Menuhin: E grousse Museker, Humanist a Philantrop

Nächsten Dënschdeg sinn et genee 25 Joer, datt den Ausnamemuseker an Dirigent am Alter vun 82 Joer zu Berlin gestuerwen ass.
headphones

9 min

play_arrow
Glenn Miller: De Papp vum Swing

Glenn Miller: De Papp vum Swing

De Museker gouf virun 120 Joer gebuer. Mat 40 Joer koum hie bei engem Fligeraccident iwwer dem Äermelkanal ëm d'Liewen.
headphones

10 min

play_arrow
Heinz Erhardt: De Meeschter vum Wuertspill

Heinz Erhardt: De Meeschter vum Wuertspill

Den Heinz Erhardt ass virun 115 Joer op d'Welt komme an ass den 5 Juni 1979 am Alter vun 70 Joer gestuerwen, ma säin Witz huet awer bis haut iwwerlieft . De Jean Claude Majerus erënnert un dëse groussen däitsche Komiker déi Kéier bei Retromania
headphones

8 min

play_arrow
Ray Manzarek: de musikalesche Kapp vun "The Doors" | © Wikimedia Commons

Ray Manzarek: de musikalesche Kapp vun "The Doors"

Virun 85 Joer gouf de Ray Manzarek gebuer, an en ass den 20 Mee 2013 gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert am Retromania un dëse Museker
headphones

11 min

play_arrow

Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker

Dee charismatesche Sänger, grouss franséisch Vedette, hätt den 1. Februar 2024 85 Joer kritt.
headphones

47 min

play_arrow

Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen

Den Freideg, 26 Januar dëst Joer war dem Acteur a Sänger säin 90 Anniversaire.
headphones

11 min

play_arrow

Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikanesche Folksong

Den amerikanesche Folkmuseker a Friddensaktivist ass virun zéng am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Beatles: De Rooftop-Concert 1969

Den 30 Januar 1969 virun 55 Joer hunn d’Beatles um Daach vum Apple Records-Building zu London eng leschte Kéier zesumme gespillt.
headphones

42 min

play_arrow

Abba: 50 Joer Victoire beim Eurovision Song Contest

Viru 50 Joer huet ABBA den Eurovision Song Contest gewonn an domatt d‘Basis fir hir Weltkarriär geluecht. An dat hätt kéinten 1974 hei zu Lëtzebuerg sinn.
headphones

11 min

play_arrow
Pierre Brice: De Winnetou war d'Roll vu sengem Liewen

Pierre Brice: De Winnetou war d'Roll vu sengem Liewen

De Winnettou Acteur Pierre Brice hätt de leschten Dënschdeg 95 Joer kritt. En ass awer de 6 Juni 2015 am Alter vu 86 Joer gestuerwen
headphones

7 min

play_arrow
Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker

Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker

Dee charismatesche Sänger, grouss franséisch Vedette, hätt den 1. Februar 85 Joer kritt.
headphones

13 min

play_arrow
Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikaneschen Folksong | © Wikimedia Commons

Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikaneschen Folksong

Deen amerikanesche Folkmuseker a Friddensaktivist ass virun zéng am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow
Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen

Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen

Den nächste Freideg, 26 Januar, ass dem Den Acteur a Sänger säin 90 Anniversaire.
headphones

11 min

play_arrow
Aly Bintz: "E léiwe Männchen"

Aly Bintz: "E léiwe Männchen"

De 15. Januar gëtt un dem Entertainer, Sänger an Acteur Aly Bintz, deen de 15. Januar 1929 gebuer ass, säi 95. Anniversaire geduecht.
headphones

12 min

play_arrow