Radioen

On air

Concert  |  Beethoven, der Europäer

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Ecken a Kanten

Ecken a Kanten

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Traditionell an heiansdo ganz ausgeflippt, ass den Niño de Elche, eng vun den innovatiivste Stëmme vun der zäitgenëssescher spuenescher Zeen, grad esou och wéi déi Leit, mat deenen hien zesummeschafft, (Israel Galvan, Angélica Liddell, Rocio Molina oder Raül Refree). Wann dës Nimm falen, kënne mir eis meeschtens astellen op e fruchtbaren Dialog tëschent spuenescher Traditioun, Avant-Garde a Subversioun!


De faméise mexikanesche Gittaren-Duo Rodrigo y Gabriela ass nieft dem Nuevo Flamenco vum Rock an Heavy Meta beaflosst … dynamesch an erfrëschend!


Den aussergewéinleche Schwäizer Sänger Christian Zehnder verzaubert ëmmer erëm mat senge Vokal-Techniken … e MUST!


Eng schéin Decouverte vun dëser Woch ass d’Miira aus Brasilien. Mat Lembro huet si hir éischt Single verëffentlecht. Mat der Miira kënnegt sech déi nei Relève u vun de grousse brasilianesche Sängerinnen!


“Peze Café” vun der Leyla McCalla ass e Lidd, dat d’Theeme vun de Flüchtlingen, der Identitéit an der Sehnsucht vun engem Doheem erfuerscht. “A Day for the Hunter, a Day for the Prey” ass eng Pärel, en Disk, deen an der Zesummenaarbecht mam Mark Ribot entstanen ass.


De kongoleesesche Gittarist Dizzy Mandjeku héiere mir zesummen mam afro-kolumbianesche Quintett Alé Kumá vun De Palenque À Matongé … virtuos an e Genoss ze lauschteren.


Och derbäi eng duuss House, e Soundsystem aus Frankräich a Londoner Hip-Hopper, déi laang Zäit d’Galiounsfigur vum Ninja Tune Label waren …


Playlist:

1. Rosalia - Malamente (Cap.1: Augurio) – El Mar Querer

2. Niño de Elche & Rosalia - Seguiriya Madre - Flamenco. Mausoleo de Celebración, Amor y Muerte

3. Rodrigo y Gabriela - Descending To Nowhere - In Between Thoughts... A New World

4. Rodrigo y Gabriela - The Eye That Catches The Dream - In Between Thoughts ... A New World

5. MiiRA - Lembro - Lembro - Single

6. Christian Zehnder Quartett - Chuebanner - Schmelz

7. A Filetta, Paolo Fresu & Daniele di Bonaventura - Un'antra isula - Danse mémoire, danse

8. Leyla McCalla - Peze Café - A Day for the Hunter, a Day for the Prey

9. Dizzy Mandjeku & Alé Kumá - Tengo Un Dolor - De Palenque À Matongé

10. Kristi Stassinopoulou & Stathis Kalyviotis - Ouden Oida - Rough Guide to Women of the World

Stand High Patrol - Sleep on It - Nova Tunes 3.1

11. The Herbaliser - Stranded On Earth (Featuring Jessica Darling) - Same As It Never Was

12. Martin Roth - An Analog Guy in a Digital World - Le café abstrait by Raphaël Marionneau, Vol. 12

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.