Radioen

On air

Notturno  |  Sylvan Esso - Your Reality

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Fréijoer 2024

Fréijoer 2024

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

D‘Mo'Kalamity koum op de kapverdianeschen Inselen op d’Welt a gouf zu Paräis grouss. Si huet hir éischt Schrëtt an der Musek als Background-Sängerin gemaach, éier si hir eege Band The Wizards gegrënnt huet.

De Calypso ass e Genre, deen an Ufank vum 20. Joerhonnert zu Trinidad entstanen ass. D’Calypso Rose, déi 1940 zu Tobago gebuer ass, ass eng vu wéinege Fraen an dësem vu Männer gepräägte Genre.

Ee Meeschterwierk, dat a kenger gudder Kollektioun feelen däerf, ass “Below the Bassline”, deen 19. Album vum jamaikanesche Gittarist Ernest Ranglin. Den Disk gouf zu New York opgeholl an Zesummenaarbecht mat lauter Virtuosen …

Deen englesche Singer-Songwriter Wassailer, dee mir vun Evergreen kennen, huet en excellente Sënn fir d’Kompositioun, wat mir op sengem Debut “I, The Bastard” héieren.

Ikebe Shakedown ass ee vu Bléiser ugedriwwene siwe-käppege Kollektiv vun New-York. Hei héiert Dir instrumentale Funk, ganz an der Traditioun vum Afro-Beat an der psychedeelescher Soul.

Viru Kuerzem erauskomm ass deen neien Album “Into the Realm of Love” vun der hollännescher Koppel Dona Blue. En excellenten Album mat 60es Feeling, Atmosphäre wéi aus engem Film … eng Decouverte.

Playlist:
1. Mo'Kalamity - Under the Rain (feat. The Wizards) - Freedom of the Soul (feat. The Wizards)
2. Calypso Rose - Calypso Blues - So Calypso !
3. Hailu Mergia - Bayne Lay Yihedal - ene Mircha
4. Empress Chai & Erik Ritfeld - Fix Me - Piece of Mind
5. Ernest Ranglin - King Tubby Meets the Rockers - Below the Bassline
6. WASSAILER - Ghosts (feat. DemiMa & Johnny Woodham) - I, The Bastard
7. Ikebe Shakedown - Adonai - Colemine Records Presents: Brighter Days Ahead
8. Donna Blue - Mains De L’amour - Into the Realm of Love
9. Donna Blue - Aphrodite - Into the Realm of Love
10. Arab Strap - The Turning of Our Bones - The Turning of Our Bones
11. PJ Harvey - The Wind - Is This Desire?
12. Julien Daïan Quintet - Trop c'est trop - CUT-UP
13. Degiheugi - Un Jour Comme Un Autre (Moderator Remix) - Remixed Treasures

Musek
Rock a Pop

Episoden

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow