Schwéierpunkt vum Dag
Grousse Séiskorpioun fonnt
5 min
Een iwwer 400 Millioune Joer alen, annerhallwe Meter grousse Séiskorpioun. Schwéier virzestelle gell? Mee dës speziell Decouverte gouf ganz rezent bei eis am Éislek gemaach. Eng Ekipp vun 12 Experten huet Enn Mäerz bei Aarbechten zu Konstem net schlecht gestaunt, wéi op der Sich no Landskorpiounen och ee vun de seelene Waasserskorpiounen entdeckt gouf. An den nächste Méint gëtt de Skorpioun elo a Däitschland preparéiert a fachlech analyséiert, éier en dann op Lëtzebuerg an den Nationalmusée kënnt. D’Sophie Schroeder war sech de Fossil ukucken.
Presentéiert vum
- Sophie Schroeder