Radioen

On air

Notturno  |  Tele-Port - Halls

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Legends & more

Legends & more

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Dem David Byrne säi Label Luaka Bop huet lang dru geschafft fir 15 Lidder vum Tim Maia aus de 70er Jore komplett ze remasteren an op der Anthologie “The Existential Soul of Tim Maia” festzehalen an ze verëffentlechen. Den Tim Maia war eng brasilianesch Legend, bekannt fir säin ironeschen, direkten awer humorvollen Toun.
Fir hiren éischte Studio-Album ass déi Hamburger Band Angels Of Libra mam iresche Singer-Songwriter Nathan Johnston eng Collaboratioun agaangen, d’Resultat ass gelongen.
De Sage Motel zu San Francisco war an de 40er Joren eng Lodge fir Trucker an aner Reesender, dunn an de 60er a 70er Joren eng hip Plaz fir Artisten, Weltebummler a Vagabunden. De Kelly Finnigan an d’Monophonics revisitéieren also dës mythesch Plaz op hirem Album “Sage Motel”.
“Chinal Ka” ass e wäertvollt Klang-Dokument, eng Anthologie mat 16 Titele vum Erick Cosaque aus der Guadeloupe, Lidder déi tëscht 1973 an 1995 gravéiert goufen.
Decouverte dës Woch ass den Debut-Album “Sample the Sky” vun der Londoner multi-disciplinärer Kënschtlerin a Produzentin Laura Misch, den Disk koum den 13. Oktober eraus.
No “Rollin” bleift de Quintett vum Trompettist Erik Truffaz bei sengem Hommage un d’Film-Museken, hei mam neien Album “Clap!”. Heirop revisitéiert hien op seng Aart a Weis notamment dem Philippe Labro säin Action-Thriller “L’alpagueur” aus dem Joer 1976 mam Jean-Paul Belmondo.
Sharon Jones & The Dap-Kings waren eng amerikanesch Funk a Soul Band, mir héieren si an der Interpretatioun vun “This Land Is Your Land”, e Lidd, dat awer net wierklech ganz aus der Fieder vum Woodie Guthrie staamt, deen et 1945 verëffentlecht huet, well d’Melodie scho ganz no drun ass un der Carter Family hirem “When the World is on Fire” aus dem Joer 1933. A fir déi kleng Geschicht …

Playlist:
1. Tim Maia - Nobody Can Live Forever - The Existential Soul of Tim Maia
2. Angels Of Libra & Nathan Johnston - Revelations - Revelations
3. Alabaster Deplume - Who Is a Fool - Gold
4. Monophonics & Kelly Finnigan - Sage Motel - Sage Motel
5. Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses
6. Gabriels - Bloodline - Bloodline - EP
7. DeWolff - Will O' the Wisp - Love, Death & in Between
8. Erick Cosaque - Guadeloupe, île de mes amours - Chinal Ka 1973 - 1995
9. Ariel Tintar - Es Ou Ka Sonjé - Es Ou Ka Sonjé - Single
10. Laura Misch - Widening Circles - Sample the Sky
11. Lavinia Meijer - Metamorphosis: Metamorphosis Two, Flowing - Glass: Metamorphosis, The Hours
12. Erik Truffaz - L’alpagueur - Clap!
13. Sharon Jones & The Dap-Kings - This Land Is Your Land - Just Dropped In (To See What Condition My Rendition Was In)

Musek
Rock a Pop

Episoden

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow