Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Osez ...

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Den Eric Bibb ass gutt ëmginn op sengem neien Album “Ridin”. Derbäi sinn den Taj Mahal, Jontavious Willis, Russel Malone an dee wuelbekannte Griot aus dem Mali Habib Koité.

Den David Crosby war e Grënner-Member vun zwou immens populäre Bands aus de 60er: The Byrds a Crosby, Stills & Nash, spéider mam Neil Young mat derbäi. “For Free” ass säin aachten a leschte Solo-Album, deen 2021 erauskoum.

Den Auto ass jo eng excellent Plaz fir matzesangen, keen héiert een, an et kann ee roueg total dernieft leien! Mir lauschteren dem Christophe säin “Les Mots Bleus”, net d’Original, mee d’Reprise vum Alain Bashung. Dësem seng Aart a Weis ze sangen ass eenzegaarteg, hie wiesselt d’Intonatioun souguer am selwechte Wuert. Mir probéieren dat mol hinzekréien a sange mat …

“Keng Schoul, kee Prof kann ee léieren, esou ze sange wéi d’Marion Rampal dat mécht“, dat sot e Journalist vum Inrockuptible iwwer d’Sängerin vu Marseille. Der Marion Rampal hir Kombinatioun vu Stiler ass effektiv ganz eegen! Den Album “Tissé”, deen d’lescht Joer erauskoum, ass eng richteg kleng Pärel!

“Outside Problems” ass den Nofollger vum Andrew Bird sengem “Inside Problems”, en Disk, deen d’lescht Joer erauskoum. Dësen neien Album vum Singer-Songwriter a Geiist vu Chicago léisst op en Neits säin Talent erkléngen.

“Giant Sand return with more Howe Gelb orchestrated desert madness …”, dat hat Pitchfork 2008 iwwer de Grupp vun Tucson Arizona geschriwwe bei der Rezensioun vum Album “Provisions”. En Disk, deen a kenger gudder Kollektioun feelen däerf, mat der Participatioun vu P.J Harvey, M. Ward, Neko Case an Isobel Campbell, déi alleguer hire Pefferkär bäigeluecht hunn.


Playlist:

1. Eric Bibb - Free (feat. Habib Koité) - Ridin’

2. David Crosby - Rodriguez For A Night - For Free

3. Chłopcy Kontra Basia - The Supper - Brexit Blues

4. Adam Ben Ezra - Can't Stop Running - Can’t Stop Running – Single

5. Alain Bashung - Les Mots Bleus - Osez Bashung

6. Marion Rampal - D'autres soleils (feat. Anne Paceo) - Tissé

7. Marion Rampal - Où sont passées les roses (feat. Piers Faccini) - Tissé

8. Benjamin Clementine - I Won’t Complain - At Least for Now (Deluxe)

9. Chapelier Fou - Les métamorphoses du vide (Ensemb7e Version) - Ensemb7e

10. Andrew Bird - Mancey - Outside Problems

11. TaxiWars - Different or Not - Artificial Horizon

12. Tindersticks - Show Me Everything - The Something Rain

13. Giant Sand - Pitch & Sway - Provisions

14. L'Attirail - Le pacte de Xochimilco - Wanted Men

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.