Europa Aktuell
Polnesch Fënstere fir d'Ukrain
4 min
D‘Europäesch Unioun huet sech déi lescht Woch engagéiert, d‘Ukrain an den nächste Jore mat engem Hëllefsplang an Héicht vu 50 Milliarden Euro ze ënnerstëtzen. Dernieft lafen a ganz Europa weider privat Initiativen, fir de Leit an der Ukrain, wou elo bal zanter zwee Joer Krich ass, ze hëllefen.
Déi Solidaritéit ka ganz ënnerschiddlech Formen unhuelen. A Polen zum Beispill huet sech en Associatioun zanter annerhallwem Joer drop spezialiséiert, Fënsteren an d‘Ukrain ze schécken, fir deenen, déi nach doheem liewen an ënner de Suitte vun de Bombardementer leiden, ze hëllefen.