Radioen

On air

Am Buedmantel  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Prisoner of the Road

Prisoner of the Road

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Calexico bleiwe sech selwer trei: Cumbia, Conjunto a Mariachi Influenzen och op hirem zéngte Studio-Album “El Mirador”.

De Farees ass e Museker mat engem räiche kulturellen Ierwen, notamment huet hie Racinnen an der Touareg-Kultur. Räich ass och säin Talent: Gittarvirtuos, Poet, Singer-Songwriter, Multi-Instrumentalist an och Aktivist fir Mënscherechter.

MiiRA ass eng jonk portugisesch Artistin, déi mir hei entdecke mat hirer villverspriechender Debut-Single Lembro.

Ane Brun a Sivert Høyem sinn zesumme fir “Prisoner of the Road”. Allebéid Norweger an allebéid engagéiert fir Fongen anzespillen, déi de Refugiéem zegutt kommen.

“A Light for Attracting Attention” ass den Debut Studio-Album vu The Smile, deen d’lescht Joer erauskoum. The Smile, dat ass den Thom Yorke vu Radiohead zesumme mam Jonny Greenwood an dem Drummer Tom Skinner.

Och aus England kënnt de Joe Yorke. Mir lauschteren a säi neien Album “Hopeless” eran. (De Joe schéngt awer net Famill ze si mam Frontmann vu Radiohead Thom Yorke).

Muito Kaballa ass en néng-käppege Kombo vu Köln, dee vum Afrobeat, Funk, Jazz an allem beaflosst ass, wat groovt!

Déi däitsch Sounftüftler vu Mo' Horizons hunn am Oktober deen neien Album “Mango” verëffentlecht. Grad wéi bei Muito Kaballa schaffen och si gäre mat Gaascht-Invitéen, an esou kënne mir déi multitalentéiert Noam Bar Azulay entdecken, Leaderin vum Soul/Jazz/HipHop-Outfit Noam Bar.


Playlist:

1. Calexico - El Mirador - El Mirador

2. Marc Ribot y Los Cubanos Postizos - No Me Llores Mas - Y los Cubanos Postizos

3. Eric Bibb - Free (feat. Habib Koité) - Ridin’

4. Farees - Split Second - Border Patrol

5. MiiRA - Lembro - Lembro - Single

6. LaFrange - i wish you died - nobody else will ever see me naked

7. Ane Brun, Sivert Høyem - Prisoner of the Road

8. The Coral - North Wind - Sea Of Mirrors

9. Joe Yorke - Dreaming - Hopeless

10. The Smile - The Smoke - A Light for Attracting Attention

11. Muito Kaballa - Luna (feat. Reinel Bakole) - Like a River

12. Mo' Horizons I Can't Sleep (feat. Noam Bar Azulay) - Mango

13. Empress Chai & Erik Ritfeld - Fix Me - Piece of Mind

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.