Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Mediathéik / One World

/ September Sun

September Sun

headphones

0 min

Jean Jules Similien alias « Toto Nécessité » hie kennt aus dem Norde vun Haiti an ass ee vun den Artisten di d’Anthologie ‘Antilles chéries’ virstellt. E gudde Choix vun Artisten deen eis den Emile Omar hei proposéiert, hien ass e.a Programmateur bei Radio Nova an hëlt eis mat dëser Compil mat op eng Rees duerch d’Antillen.

Vun der Sonn awer och vill Leed geniert ass d’Musek vun de Garifuna. Si sinn eng Mëschung vu freien Afrikaner an indigeenen Süd-Amerikaneschen Awunner di hiren Ursprong hunn op der karibescher Insel Saint Vincent.

Psychedelesche Rock aus Sambia vu Witch haut bei One World. Dëst ass eng Band di an de 70er Jore gegrënnt gouf an ‘Waile’ ass dat éischt neit Lidd zënter 1984 mam originale Frontmann vun deemools, dem Emmanuel 'Jagari' Chanda.

Aus dem Mali erreecht eis haut de neien Album ‘Diré’ vum Idrissa Soumaoro. Hien ass e Meeschter vun der ngoni, e Säiteninstrument, eng traditionell West-Afrikanesch Gittar. ..

Di amerikanesch Harfistin Brandee Younger vermëscht d’Traditiounen vun hirem Instrument mat Jazz, Soul, Funk an och klasseschen Influenzen. Hiren Album ‘Brand New Life’ vun dësem Joer ass en Hommage un d’Dorothy Ashby, eng aner schwaarz Musekerin op dësem Instrument di tëscht 1932 an 1986 gelieft huet.

De Fabrice Franck Henri besser bekannt als Guts ass e geschaten Dj an e richtege Museks-Archeolog an de Beräicher Hip Hop, Downbeat, Funk, Soul an Global Groove. Eng weider ‘Straight From The Decks’ Compil, den Vol 3 hu mer haut opleien mat e puer Pärelen an Decouvertë … en excellente Mix deen de Guts eis hei proposéiert!

Den hollänneschen Duo Donna Blue léist mat sengem Debut Album ‘Dark Roses’ eng Musek erkléngen di un e Soundtrack erënnert …
De Soundtrack vum D. Lynch senger Teles-Serie ‘Twin Peaks’ ass eng B.O di vum Angelo Badalamenti geschriwwe gouf an fir d’éischt den 11 September 1990 vu Warner Bros verëffentlecht ginn ass…

Den Angelo Badalamenti ass an enger anerer schéiner Kollaboratioun ze héieren di an de 90er erauskoum ënner dem Numm ‘Booth & The Bad Angel’.

Playlist:
Toto Necessitè - Cail la mandé rousé - Antilles chéries
The Garifuna Collective - Black Catbird - A Guide to the Birdsong of México, Central América & the Caribbean
Nora Kamm - Sensible (feat. Salimata Traore) - One
Witch - Waile - Waile
Idrissa Soumaoro - N’den Tedi - Diré
Adam Baldych & Yaron Herman - June - The New Tradition
Brandee Younger - Running Game - Brand New Life
Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne
Lagos Thugs - Innocent Blood (Let It Be Known) - Straight from the Decks, Vol. 3 (Guts Finest Selection from His Famous DJ Sets)
Donna Blue - Cup of Time - Dark Roses
Julee Cruise - Into the Night - Twin Peaks (Soundtrack From)
Tim Booth & Angelo Badalamenti - Dance of the Bad Angels - Booth and the Bad Angel

Episoden

September Sun

Vun der Sonn genierte Musek, déi zum Danz verféiert, psychedelesch Kläng aus Sambia, en interessanten neien Album aus Westafrika an e Soundtrack, deen am September 1990 erauskoum
headphones

56 min

play_arrow

headphones

0 min

NJP Festival

Vereenzelt Artiste vum Festival Nancy Jazz Pulsations sinn ze héieren, dorënner confirméiert Artisten an och interessant Decouverten!
headphones

56 min

play_arrow

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

0 min

Multikulti

Tropesch Kläng fir den Dancefloor, den Asaz fir d'Mënscherechter an der Musek, Rock aus Sambia a sensibel wéi poetesch Ausdrocksformen
headphones

56 min

play_arrow

Great Music

Museker, Weltbierger zesumme fir beréierend Kollaboratiounen, onëmgänglech Nei-Verëffentlechungen an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten
headphones

56 min

play_arrow

Great Music

Museker, Weltbierger zesumme fir beréierend Kollaboratiounen, onëmgänglech Nei-Verëffentlechungen an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten
headphones

56 min

play_arrow

No Frontiers

Spannend nei Disken a Kollaboratiounen, e Songwriting, dee sech mat der Welt vun haut ausenanersetzt a mir sinn op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.
headphones

56 min

play_arrow

No Frontiers

Spannend nei Disken a Kollaboratiounen, e Songwriting, dee sech mat der Welt vun haut ausenanersetzt a mir sinn op de Spuere vum afroamerikanesche Widderstand.
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Soul

Inspiréiert an originell Nei-Verëffentlechungen, vill Soul, e puer Evergreens an e prominente Baobab
headphones

56 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Monsters and Angels

Orientaleschen Elektro-Rock, eng Soul, déi aus dem Liewen erzielt, Film-Museke vu Filmer, déi et net gëtt, e Receuil vu vergiessene Lidder
headphones

56 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten
headphones

56 min

play_arrow

Kleng Pärelen

Nei Verëffentlechungen, Musek aus der Guadeloupe, jonk Jazz-Museker ouni Beréierungs-Ängschten an e puer Pärelen aus vergaangenen Zäiten
headphones

56 min

play_arrow