Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Piotr Anderszewski spillt Bartók

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Shortlëscht vum Prix Servais 2024

Shortlëscht vum Prix Servais 2024

headphones

11 min

Lauschteren play_arrow

Samuel Hamen, Chris Lauer, Isabelle Marinov, Jemp Schuster a Margret Steckel heeschen d‘Kandidaten an d’Kandidatinne fir de Servais-Präis 2024. Dës Shortlëscht, déi d‘Fondatioun Servais gëschter publizéiert huet, hate mir Iech scho presentéiert. D‘Valerija Berdi huet mam President vum Jury vum Servais-Präis, dem Sebastian Thiltges geschwat, fir méi Detailer iwwer d‘Prozedur vun dësem Literaturpräis gewuer ze ginn.

Enn Abrëll gi mir gewuer, wéi e Buch dëst Joer mam Servais-Präis ausgezeechent gëtt. E Präis, bei deem d‘Autorin oder den Auteur mat 7.500 Euro belount gëtt. Am Virfeld ginn awer nach den 23. Abrëll am Nationale Literaturarchiv déi fënnef selektionéiert Bicher virgestallt:
- Dem Samuel Hamen säi Roman “Wie die Fliegen“, deen am Zürecher Diaphanes-Verlag erauskoum
- Der Chris Lauer hir Gedichter “Gut verräumte Sternschnuppe“ aus dem éisträichesche Limbus Verlag
- D’Novell “Boy Underground” vun der Isabelle Marinov - Leicester, Sweet Cherry Publishing
- De Jemp Schuster mat sengem Roman “Béischten“, zu Lëtzebuerg bei Kremart Edition erauskoum
- An der Margret Steckel hir Novell “Mutterrache“, publizéiert bei capybarabooks

Kultur
Literatur
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Kulturagenda

An der Päischtvakanz stinn de FlamencoFestival vun Esch, deen och an d’Stad geet, ee finnescht Theaterstéck an d’Kinosaktualitéit um Programm.
headphones

7 min

play_arrow

Lëtzebuerger Koproduktioun kritt Grand Prix um Filmfestival zu Cannes

Dee Präis wier net nëmmen eng Reklamm hei am Land, mee en eenzegaartegen Nationbranding fir de Lëtzebuerger Filmsecteur - esou de Kulturminister Eric Thill.
headphones

5 min

play_arrow
Musikalesch Summerowenter | © Rotondes

Musikalesch Summerowenter

De Marc Clement huet mam Rotondes-Programmateur Marc Hauser iwwer d‘Edition 2024 vun de Congés annulés geschwat.
headphones

9 min

play_arrow

"Cock" am Kapuzinertheater

En englechsproochegt Stéck ënner der Direktioun vun der Anne Simon gëtt aktuell am Kapuzinertheater gespillt.
headphones

4 min

play_arrow

“Gossip - Matters hard to grasp”: Motto vun der Saar-Lux-Kënschtler:inne-Residenz Artmix 2024

Nom Saar-Lux-Kënschtler:innen-Austausch Artmix 2024 invitéieren d’Participanten a Participantinnen d’Ëffentlechkeet op zwou Expoen an de Partnerstied.
headphones

21 min

play_arrow

Cannes (7)

Lëtzebuerg op der Croisette
headphones

12 min

play_arrow

Den 23. Mee 2024 gëtt zu Klierf den zweete “Prix de la Photographie - Clervaux Cité de l’image” verginn

Vun 106 KandidatInnen aus der Groussregioun hu sech der 14 fir de Klierfer "Prix de la Photographie" qualifizéiert.
headphones

8 min

play_arrow
"Cock" am Kapuzinertheater | © Alfonso Salgueiro

"Cock" am Kapuzinertheater

En englechsproochegt Stéck ënner der Direktioun vun der Anne Simon gëtt aktuell am Kapuzinertheater gespillt.
headphones

4 min

play_arrow
Cannes (6) - "Bird" a "Kinds of Kindness"

Cannes (6) - "Bird" a "Kinds of Kindness"

"Bird" vun der Andrea Arnold a "Kinds of Kindness" vum Yorgos Lanthimos
headphones

20 min

play_arrow

Banal a wéineg couragéiert Medienanalys

Iwwer dem Laurent Moyse säi Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive".
headphones

6 min

play_arrow
D'Hisae Ikenaga an der Konschthal zu Esch

D'Hisae Ikenaga an der Konschthal zu Esch

Hei geet et ëm Konfusioun a Verwirrung: Alles ass engem vertraut a gläichzäiteg dach esou friem.
headphones

20 min

play_arrow
Fir datt dir näischt verpasst: eise Kulturagenda mam Nicolas Calmes

Fir datt dir näischt verpasst: eise Kulturagenda mam Nicolas Calmes

De Kulturabc vun dëser Woch: vu Boîte à images bis Skaten
headphones

0 min

Cannes (5) - Am Interview mat der Vicky Krieps | © picture alliance / NurPhoto | Daniele Cifala

Cannes (5) - Am Interview mat der Vicky Krieps

E (bal) exklusiivt Gespréich mat der Lëtzebuerger Actrice
headphones

10 min

play_arrow

E puer Iwwerleeungen zu musealen Ausstellungen an hiren Nowierkunge vu Marc Clement a Kerstin Thalau.

De Päischtweekend 2024 feiere 37 Muséeën zu Lëtzebuerg de 47. internationalen Musée-Dag mat den “Luxembourg Museum Days”.
headphones

0 min

Opriichten ugesot: Koll an Aktioun 2024

Opriichten ugesot: Koll an Aktioun 2024

Wéi héiert et sech un, wann ee Museksfestival opgebaut gëtt?
headphones

7 min

play_arrow

Festival de Cannes (3)

"Les fantômes" vum Jonathan Millet a "Ma vie ma gueule", de posthume Film vun der Sophie Fillières
headphones

8 min

play_arrow

Phantom Limbs - Hisae Ikenaga

Vertraut a gläichzäiteg dach esou friem - D'Hisae Ikenaga iwwer den Effekt vun hirer Aarbecht
headphones

5 min

play_arrow

Päischtweekend ass de 47. internationale Muséesdag

Zu Lëtzebuerg bedeelegen sech 37 "Musen-Tempelen“.
headphones

18 min

play_arrow

Banal a wéineg couragéiert Medienanalys

Iwwer dem Laurent Moyse säi Sachbuch "La Bataille des journalistes. Réflexion sur le monde de l'information à la dérive"
headphones

10 min

play_arrow

Festival de Cannes (2)

De Wettbewerb am Iwwerbléck
headphones

11 min

play_arrow