Haut de Moien (05.05.) huet d’Philharmonie hir nei Saison virgestallt. De Programm baséiert op 4 Grondprinzipien: “Leading Figures”, “Une saison inédite pour notre orchestre”, “Les récits du Monde” an “Openness.Collaboration.”. Deemno stoungen déi grouss Klassikstaren am Vierdergrond, d’Lëtzebuerger Philharmoniker an enger Saison ouni Chefdirigent, Musek a Kulturen aus aller Welt, a Collaboratioune mat educativen Aktivitéiten.
E Begrëff, dee wärend der Pressekonferenz och ëmmer nees opgetaucht ass, war d'Accessibilitéit. Wat dat genee heescht, erkläert de Christophe Mirkes am Gespréich mam Jeff Schinker.