Radioen

On air

  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Soft & Easy

Soft & Easy

Madrugada ass eng Rock Band aus Norwegen di 1993 gegrënnt gouf. 2007 ass den originale line-up mam Doud vun engem vun de Memberen op en Enn komm.

Di schéi Stëmm vu Madrugada, déi vum Sivert Høyem ass eis erhale bliwwen mat senge Solo-Projet’en. Den Titel ‘Prisoner of the Road’ koum 2010 eraus an de Bénéfice vun dësem Lidd koum enger Non-Profit Organisatioun zougutts di sech fir d’Refugiéen asëtzt. ‘Prisoner of the Road’ de Sivert Høyem héiere mer am Duett mat der Ane Brun, d’Lidd ass frësch ré-éditéiert gin um Album ‘Rarities 2’,


10 Joer hunn dEUS näischt vun sech héiere gelooss. De Grupp vun Antwerpen huet am Februar dëst Joer ‘How to replace it’ verëffentlecht, hiren 8ten Studio-Album: sophistiquéiert a liicht decaléiert.


Eng Diskographie an déi ee reegelméisseg ka bliedere goen ass déi vum Ben Sidran, amerikaneschen Jazz a Rock Keyboader, Produzent, Label Besëtzer a Komponist. A senge fréie Joren war hien e Member vun der Steve Miller Band…


Den amerikaneschen Jazz Flüttist Herbie Mann war ee vun de fréien sougenannte World Museker, eng Zäit wou d’World Musek nach net sou geheescht huet. Am Ufank vu senger Karriäre huet hien och den Tenor Saxophon an d’Klarinett gespillt, mais et heescht hie wier tëscht den éischten Jazz-Museker di sech op der Flute spezialiséiert hätten.


‘Cajun Moon’ vum JJ Cale léist eng Zort Nostalgie erkléngen an ënnersträicht di mysteriéis Kraaft vun der Natur. De Mound Cajun, zitt sech duerch d’ganzt Lidd, eng Metaffer di eng grouss Kraaft representéiert di en Afloss op d’Liewen vun de Mënschen huet. Dem JJ Cale säin Original koum 1974 eraus.


Playlist:


1. Andrew Bird - Mancey - Outside Problems

2. Hack-Poets Guild - Daring Highwayman (feat. Marry Waterson, Lisa Knapp & Nathaniel Mann) - Ten Tongues

3. Madrugada - Hands Up - I Love You - The Nightly Disease

4. Ane Brun, Sivert Høyem - Prisoner of the Road

5. Spain - Ray of Light - The Blue Moods of Spain

6. Degiheugi - Un Jour Comme Un Autre (Moderator Remix) - Remixed Treasures

7. Rodolphe Burger, Sofiane Saidi & Mehdi Haddab - One Two Three - One Two Three

8. dEUS - Simple Pleasures - How To Replace It

9. Ben Sidran - About Love - Feel Your Groove

10. Gyedu-Blay Ambolley - Yekor Ye a Yeaba - Blay Ambolley and Hi - Life Jazz

11. Herbie Mann - Cajun Moon - Surprises

12. Vanessa da Mata & Ben Harper - Boa Sorte (Good Luck) - Hôtel Costes 11

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.