Radioen

On air

Notturno  |  Naima Bock - Giant Palm

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Surprises

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

Deen amerikanesche Singer-Songwriter Dylan LeBlanc versicht an enger Serie vun deelweis autobiografesche Geschichten um neien Album “Coyote” seng Vergaangenheet ze vergiessen.
Mam Album “The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives” léisst dee britteschen Auteur a Museker Anthony Joseph déi grouss musikalesch Traditioun vum politeschen Engagement erkléngen.
E klenge Retour hei an d’70er bei en Titel, dee mir all kennen oder kenne missten: “Cajon Moon” gouf mam JJ Cale 1974 bekannt. Mir entdecken eng flott Interpretatioun vum amerikaneschen Jazz-Flüttist Herbie Mann.
Déi brittesch Jazz-Sängerin Jacqui Dankworth ass zesumme mam Brodsky Quartet um schéinen Album “Rocking Horse Road”, op deem si der Björk hiren “I Play Dead” revisitéiert.
Den Gino Sitson ass en inspiréierten Jazzmuseker mat engem ganz eegenen Touch. Mir erënneren oder entdecken den onëmgänglechen Album “Echo Chamber”.
Melancholesch Lidder iwwer de Fridden héiere mir op der franséisch-algeerescher Sängerin Souad Massi hirem zéngte Studio-Album “Sequana”
Och derbäi ass déi eenzegaarteg musikalesch Rees ronderëm de Globus vum franséischen Hadouk Trio. Si schafen e mysteschen an evokative Sound tëschent World-Pop an Jazz.
Dee marokkanesch-belsche Sänger, Performer a LGTB-Aktivist Jaouad versicht d’Mënschen zesummenzeféieren iwwer de Wee vun der Konscht an dem Dialog.
Zwee Nimm, déi ëmmer fir Qualitéit stinn: de Perkussionist Murat Coskun, deen och op Säite vum Giora Feidmann Sextet oder Kudsi Erguner ze héieren ass, an dee franséischen Avant-Garde Jazz- a klassesche Museker Michel Godard, Tuba a Serpent-Spiller.

Playlist:
1. Dylan LeBlanc - The Crowd Goes Wild - Coyote
2. Anthony Joseph - The Gift - The Rich Are Only Defeated When Running for Their Lives
3. Azekel - Love & Death, Pt. 2 (feat. Ebo Taylor) - Analyze Love
4. Tom Waits - Little Boy Blue - One from the Heart (The Original Motion Picture Soundtrack)
5. Herbie Mann - Cajun Moon - Surprises
6. Martina Topley Bird - Baby Blue - Some Place Simple
7. Gino Sitson - Upward (feat. Manu Dibango) - Echo Chamber
8. Jacqui Dankworth & Brodsky Quartet- Play Dead (Arr. for Voice & String Quartet) - Rocking Horse Road
9. Souad Massi - Dessine-moi Un Pays - Sequana
10. Jaouad - Father - Messias
11. Hadouk Trio - Hadouk Blues - Shamanimal
12. Murat Coskun & Michel Godard - Sunrise in Cappadocia - Frames & Drums

Musek
Rock a Pop

Episoden

Man in Black

E Virgeschmaach op nei Disken di sech ukënnegen dorënner e posthumen Album vum Johnny Cash. Singer-Songwriting, Soul, Psychedelia a Musek fir ze chillen…
headphones

56 min

play_arrow

Back To Black

Nei-Verëffentlechungen, e Retour an d’70er, an eng Film-Musek di beréiert.
headphones

61 min

play_arrow

Hymne au soleil

Artiste mat engem ganz eegenen Universum, engagéiert Museker fir d’Mënscherechter an d’Natur an e bësse psychedeelesche Feeling ass derbäi, notamment aus Australien.
headphones

56 min

play_arrow

La Rata Bluesera

Blues aus Chile, Spaghetti-Western Feeling an e klenge Retour an d’80er
headphones

56 min

play_arrow

Métissage

Och d’Emissioun dës Kéier verdäitlecht nees, wéi räich den Austausch tëschent de Kulturen an der Musek ass.
headphones

55 min

play_arrow

Fréijoer 2024

Reggae Feeling, e Meeschterwierk, dat net Vergiessenheet gerode soll an en neien Album mat 60es Feeling
headphones

56 min

play_arrow

It Must Change

Musek aus der Sahel-Zon, déi op d’Onofhängegkeetsbestriewunge vun den Touareg opmierksam mécht, eng nei Stëmm am Beräich vun der Soul an e puer cool Lidder
headphones

61 min

play_arrow

Beats and Songwriting

E bësse Punk aus de 70er, Blues, R&B a Roots Musek …a schéi Stëmmen
headphones

56 min

play_arrow

Sparkles

Irresistibel Kläng aus Brasilien, sprëtzeg Metissagen an Traditiounen zäitgenëssesch interpretéier
headphones

57 min

play_arrow

in the mood of…

Hafestied an hir Influenz op d’Musek, e Retour bei den ‘Trip Hop’ aus den Ugangs 90er, e jonkt Nowuess Talent an e längeren Openthalt an der Belsch.
headphones

55 min

play_arrow

Together

Grenzen existéieren an der Musek kaum nach, de weltwäiten Austausch an di géigesäiteg Beräicherung di an eiser ‘globaler Zäit’ méiglech ass brénge spannend an inspiréiert Kläng ervir...
headphones

56 min

play_arrow

The Soul of the Blues

De Blues ass e Styl deen ëmmer wëllkomm ass. Haut kennt en aus Kanada, Amerika an aus Mali
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Den afrikaneschen, australeschen an den europäesche Kontinent treffen dës Kéier zesummen. D’Influenze weisen ëmmer erëm dorops hin, datt d’Musek an d’Kreativitéit keng Beréierungsängschten a keng Virurteeler kennt.
headphones

56 min

play_arrow

Surprises

Singer-Songwriter, déi beréieren, politesch engagéierte Spoken Word, eng Pärel aus de 70er, Kammermusek a schéi Stëmmen, an e Mann, dee sech Coyote nennt ...
headphones

56 min

play_arrow

Rar Pärelen

Lauter Decouverten an nei Disken, esou munch (nach) onbekannten Nimm a virun allem Museken, déi beréieren …
headphones

56 min

play_arrow

Métissages

Spannend Decouverten, nei Verëffentlechungen, e Soul-Outfit, dee fein Arrangementer an Orchestratioune erklénge léisst, an eng jonk Artistin, déi keltesch Influenzen an d’Zäit vun haut katapultéiert.
headphones

56 min

play_arrow

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

0 min

Groove & more

Vill positiv a vun der Sonn genierte Kläng, interessant Jazz-Fusiounen an e Produzent, deen no Accidenter fësche geet ...
headphones

57 min

play_arrow

Best of 2023

Nei Nimm, bekannte Solo-Artisten, déi fruchtbar Kollaboratiounen aginn a Soundtüftler, déi mat oppenen Oueren duerch d’Welt reesen.
headphones

57 min

play_arrow

Prisoner of the Road

Spaghetti-Western-Feeling, Cumbia an aner vun der Sonn genierte Kläng, awer och introspektiv an engagéiert Lidder
headphones

56 min

play_arrow