Radioen

On air

Mixtape  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ The New Tradition

The New Tradition

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Déi däitsch Saxofonistin, Flüttistin a Sängerin Nora Kamm huet en éischten Album ënner hirem eegenen Numm verëffentlecht mat der Iwwerschrëft “One”. Hei begéint si och aner Artisten z. B. aus Westafrika.

Den Azekel Adesuy kuerz Azekel genannt, ass e gebiertegen Nigerianer, Sänger, Songwriter a Plakkeproduzent, deen zu London lieft. Säi Klang ass inspiréiert vum Fela Kuti, Prince, dem poetesche Storytelling an hien zielt zu de kräftege Stëmmen am zäitgenëssesche britteschen R&B.

Qwalia ass e Kollektiv vu Museker, dorënner e Frank Ocean an David Byrne, dee vu villen Ästheetike beaflosst ass: psychedelesche Folk, e sophistiquéierte Funk, Ambient an Avant-Garde Pop.

Case/Lang/Veirs ass e kanadesch-amerikanesche sougenannte Supergrupp, well en aus lauter bekannte Leit zesummegesat ass: Neko Case, k.d Lang a Laura Veirs.

James Gang Rides Again, och nach bekannt als Rides Again, esou heescht och den Album, deen am Juli 1970 erauskoum. Et ass den zweete Studioalbum vun der amerikanescher Rock-Band James Gang, eng kleng Pärel.

Eng beréierend melodesch Virtuositéit héiere mir vum Adam Baldych & Yaron Herman. Piano a Gei an engem schéinen Zesummespill um Album “The New Tradition”!

Nach eng aner kleng Pärel aus dem Joer 1968 lauschtere mir vun der amerikanescher Rock-Band Spirit. “Spirit”, deen no sech selwer benannten Debut vun der Formatioun.


Playlist:

Nora Kamm - Sensible (feat. Salimata Traore) - One

Nora Kamm - Cœur (feat. Nguyên Lê) - One

Tony Allen & Hugh Masekela - Jabulani (Rejoice, Here Comes Tony) - Rejoice

Sault - Bow (feat. Michael Kiwanuka) - Untitled (Black Is)

Azekel - Love & Death, Pt. 2 (feat. Ebo Taylor) - Analyze Love

KUTU, David Walters & Théo Ceccaldi - Yambara (feat. Hewan Gebrewold) [David Walters Remix]

David Walters & K.O.G - Gimme Love - Soul Tropical

Qwalia - Sound & Reason - Sound & Reason - Single

Case/Lang/Veirs - Greens of June - Case / Lang / Veirs

Adam Baldych & Yaron Herman - June - The New Tradition

James Gang - Ashes the Rain and I - Rides Again

Spirit - Girl In Your Eye - Spirit

Debashish Bhattacharya - Papa Tau - Hawaii to Calcutta: A Tribute to Tau Moe

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.