Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Unknown Mortal Orchestra - That Life

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

Together

headphones

56 min

Lauschteren play_arrow

De franséische Pianist André Manoukian ass zu Lyon gebuer mat armenesche Wuerzelen an dës héiere mer.


D’Sängerin Lina ass klassesch geschoult, huet Theater studéiert an an der Oper gesonge mee de Fado mécht hir eigentlech Identitéit aus. Zesumme mam spuenesche Produzent Raül Refree schafen si e Neo-Fado dee ganz am Respekt mat der Traditioun ëmgeet.


De Niño de Elche mat senger zäitgenëssescher an och respektvoller Approche vun der Flamenco-Traditioun lauschteren zesumme mat der Sängerin a Schauspillerin ROSALÍA.


D’Danielle Ponder sëtzt sech an fir d’Mënscherechter, si ass Affekotin an huet 2022 hiren Debut-Album ‘Some of Us Are Brave’ verëffentlecht.


‘Dummy’ ass den Debut-Album vu Portishead deen am August 1994 erauskoum. Dat selwecht Joer war de Grupp op den Trans programméiert an der intimer Salle vum Ubu zu Rennes. E Sound deen an England vu vereenzelten als net Radio-tauglech empfonnt ginn ass. Mais wéi mer wësse konnt en sech duerchsetze ganz einfach well e vill Mënsche beréiert huet. D’Band vu Bristol gouf 1991 gegrënnt… d’Stëmm vu Portishead, d’Sängerin Beth Gibbons huet elo hiren éischte solo Album fir de Mai ukënnegt. Bal 1 Joerzéngt huet si un dësem geschafft. Een Titel ass elo schonn disponibel.


Dem Benjamin Clementine seng Carrière huet als Stroosse-Museker ugefaangen, net nëmmen zu sengem ma och zu eisem grousse Gléck ass dëst Talent engem Agent opgefall…


Playlist:


1. Andrew Bird - Mancey - Outside Problems

2. André Manoukian - Rondo Arménien - Rondo Arménien

3. Trio SR9 & Blick Bassy - Bad Guy - Déjà Vu

4. Niño de Elche & ROSALÍA - Seguiriya Madre - Flamenco. Mausoleo de Celebración, Amor y Muerte

5. Lina_Raül Refree - Cuidei que tinha morrido - Lina_Raül Refree

6. Danielle Ponder  - Some Of Us Are Brave - Some of Us Are Brave

7. Hardkandy - The Good and the Bad - Second to None

8. Portishead - Numb - Dummy

9. Beth Gibbons - Floating on a Moment - Lives Outgrown

10. Cyril Lefebvre - Gnossienne N°1 - Cocaïne Blues

11. Benjamin Clementine - Edmonton - Glorious You - EP

12. Fenton Robinson - The Getaway - Somebody Loan Me a Dime

13. Our Native Daughters - Slave Driver (feat. Rhiannon Giddens, Amythyst Kiah, Leyla McCalla & Allison Russell) - Songs of Our Native Daughters

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.