Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Bon Iver - There's A Rhythmn

play_arrow Live
arrow_back_ios

One World

100komma7.lu / One World

/ Transmusicales de Rennes

Transmusicales de Rennes

headphones

55 min

Lauschteren play_arrow

Nieft den Artisten, déi op der Affiche vun den Transmusicales 2023 stinn, entdecke mir hei och deen neien Album vu Mo' Horizons, deen de 6. Oktober erauskoum. Déi däitsch Djen a Soundtüftler begeeschteren elo scho 25 Joer mat hirem elektronesche Groove, dee vu villen Influenze geniert ass.

Zu den Artisten an Artistinnen, déi op den Trans optrieden, entdecke mir d’Ana Lua Caiano. Eng Trommel, e Synthi, Handklappen a virun allem eng Loop-Station, mat där si hir Lidder an Echt-Zäit opbaut. Déi jonk Portugisin vu 24 Joer huet e remarkabelen Debut-Album “Se Dançar É Só Depois’” erausbruecht, dee fir d’éischt a Frankräich op der Bün ze gesi war.

Bam Bam's Boogie ass en Trio vu Berlin, deen zesummegestallt ass vum Amerikaner Kiko King um Gesang, aus Italien de Jacopo Aluzzi (Bass, Claviers, Programmatioun) a mam Giotto Beattz aus Irland op der Batterie. Hir Elektro-Soul-Vaudou Musek erënnert un den Tricky.

En Artist, dee sech op der Kräizung vun de populäre, traditionellen, klasseschen an avantgardistesche Museke beweegt, ass de Raül Refree. Komponist, Museker a Produzent vu Barcelona. “el espacio entre” heescht säin Disk vun dësem Joer. Dës Musek erfuerscht d’Perte, de Vide, de Raum tëschent deem, wat mir waren an deem, wat mir sinn …

Och dëst Joer op den Transmusicales vu Rennes si Yalla Miku. D’Museker kommen aus der Schwäiz mat engem Refugié aus Erythrea, aus Marokko an Algerien. Punkeg a multikulti!

Indonesesche psychedelesche Funk héiere mir vun Nusantara Beat, e Sextett, deen zu Amsterdam baséiert ass mat Memberen aus anere Gruppen, dorënner Altın Gün. Si proposéieren e Patchwork vu villen Influenzen: Perkussiounen aus dem Gamelan, Surf Gittaren a funky Bass-Linnen, an net ze vergiessen: déi schéi Stëmm vun der Megan de Klerk.

Mokhtar beweege sech am Beräich vum orientalesche Folk, gespillt vu Museker, déi zu Rennes doheem sinn. En excellente Cocktail aus enger funky Jazz-Fusioun, Afro-Soul an anere Gewierzer!

D’Musek huet nach ëmmer, esou wéi aner Konschtformen och, den Zäitgeescht erëmgespigelt, ass politesch a gesellschaftskritesch. Déi dräi jonk Londoner vun Insencere si keng Engelen, och keng Dämonen, just Jonker vun 20 Joer, déi e verdammt gudde Sënn hu fir d’Melodië vun der Generation Z hirem Gemittszoustänn, schreift de Virstellungstext vum Festival.

En anere Jonken, dee via Internet bekannt gouf (grad wéi Insencere), ass de Fran Vasilić, deen iwwer véier Millioune Follower huet. De jonke kroatesche Crooner schwätzt vun der Léift, dat wuel populäersten Theema vun der Pop-Musek.


Playlist:

1. Mo' Horizons - Mango Woman (feat. Gyedu-Blay Ambolley) - Mango

2. Mo' Horizons - I Can't Sleep (feat. Noam Bar Azulay) - Mango

3. Ana Lua Caiano - Mão na Mão - Mão na Mão - Single

4. Bam Bam's Boogie - Mescaline - Seance - EP

5. Raül Refree - Lamentos de un rescate - el espacio entre

6. Beverly Glenn-Copeland - La Vita - Transmissions: The Music of Beverly Glenn-Copeland

7. Yalla Miku - Tortije - Yalla Miku

8. Nusantara Beat - Djanger - Djanger / Borondong Garing

9. Dengue Fever - Ethanopium - Dengue Fever (Deluxe Edition)

10. Mokhtar - Disco Chamo (feat. Théo Morin & Marine Quinson) - P#3 - EP

11. Insincere - Jack's Melody - Jack’s Melody

12. Fran Vasilić - Hypotheticals - Single

Episoden

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul

cool tracks

Vill Decouverten, nei Disken a virun allem vill Soul
headphones

56 min

play_arrow

Impressions

Eng Benefice-Anthologie mat Inediten, Surf-Musek aus Japan an nei Stëmmen aus dem Jazz
headphones

56 min

play_arrow

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt

Chase The Devil

E Reggae-Roots Klassiker, beréierend Kompositioune fir Oud, Cello, Piano a Bass an e Visa fir d’Welt
headphones

56 min

play_arrow

Sages comme des sauvages

Singer-Songwriting aus England, Däitschland, Amerika, der Sahelzon, der Guadeloupe an Nigeria
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes, Découvertes

En erfrëschende Ska, engagéierte Rap vu Puerto Rico an eng zäitlos Romantik
headphones

55 min

play_arrow

Do Angels Need Haircuts?

Nei Disken, d’Vertrieder vun der jonker Touareg-Generatioun, e Gedicht revisitéiert, en Instrument mat engem laangen Hals an en Hiphopper, dee sech fir d’Folkmusek interesséiert.
headphones

55 min

play_arrow

One World

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.

Un Printemps 2025

Eng Decouverte aus dem kale Montreal mat kulante Kläng aus dem sonnege Süden, e “Stubenhocker”, dee säi Spleen a sengem Zëmmer auslieft, e Retour a vergaangen Zäiten an 2 Bridder, déi en drëtte Brudder begéinen.
headphones

56 min

play_arrow

Kalashnik Love

Eng rar Pärel aus den ufanks 70er, Skandinavier, déi op d’Kläng vun New Orleans stinn, e rockege Ma’luf an nach e puer Decouverten aus Kanada, Pakistan a Vietnam
headphones

56 min

play_arrow

Só Quero Vive

E Singer-Songwriting mat schéinen Texturen, en Ofstiecher an d’Schwäizer Alpen a brasilianesch Kläng aus England
headphones

56 min

play_arrow

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor

Muscle Shoals

E Roots-Rock Singer-Songwriting dee groovt, e Rock mat Soul opgeholl op enger legendärer Plaz an en englesche Folk-Museker mat Humor
headphones

56 min

play_arrow

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren

Spring Time

Aktualitéiten aus dem Pop, dem World, den experimentelle Landschaften an eng Americana mat muskléierte Gittaren
headphones

56 min

play_arrow

Los Angeles Rising

Deen neie Benefice-Album “Los Angeles Rising” mat 15 Artisten, déi Lidder offréiert hunn. De Benefice vun der Vente geet un Artisten, déi vun de Bränn zu LA betraff sinn. An deen neien Album vun Détroit ass och derbäi.
headphones

56 min

play_arrow

Flower of the soul

Vill spannend Decouverten: vun New Orleans, aus Brasilien, Schweden an der Belsch
headphones

57 min

play_arrow

Découvertes

Vill Decouverten: en Ausflug an d’Créolitéit vun der Celia Wa, mir entdecken de kanadeschen Roots-Rock Singer-Songwriter Jeremie Albino an deen talentéierten Elliott Armen aus der Bretagne.
headphones

56 min

play_arrow

Dance, No One's Watching

E Virgeschmaach op nei Disken, eng Etappe a Neiséiland an am Libanon mat engem kléngen Detour iwwer Brasilien.