Radioen

On air

Al Schanken  |  Boston - More Than A Feeling

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 100 Joer Deminage zu Lëtzebuerg

Neit Buch an der Maach

100 Joer Deminage zu Lëtzebuerg

Nom Éischte Weltkrich huet et Lëtzebuerg un engem Service gefeelt, fir net-detonéiert Bommen a Granate sécher ze entsuergen. Dowéinst gouf 1925 den éischten offizielle Lëtzebuerger Deminage an d’Liewe geruff. Elo schreift de Claude Peffer, fréieren Demineur bei der Lëtzebuerger Arméi, e Buch, dat d’Geschicht vum Deminage zu Lëtzebuerg opschaffe wëll.

auto_stories

3 min

headphones

12 min

De fréieren Demineur Claude Peffer. | © Jo Diseviscourt play_arrow
De fréieren Demineur Claude Peffer. (Foto: Jo Diseviscourt)

Zënter 100 Joer gëtt et e lëtzebuergesche Service, dee sech mat der Entschäerfung an Entsuergung vu Munitioun, wéi och vun anere Sprengkierperen auserneesetzt. De Claude Peffer ass awer och nach um recherchéieren, ob et änlech Praktiken och scho virum Éischte Weltkrich goufen..Beispillsweis am Krich tëschent Frankräich a Preußen, dee vun 1880 bis 1881 gaangen ass.

Formatioun a Flanderen

Virun allem awer huet den Zweete Weltkrich d’Necessitéit vum Deminage de Lëtzebuerger kloer gemaach, seet de fréieren Demineur. 

“Déi richteg Suerg huet ugefaangen natierlech, wéi Lëtzebuerg vun Däitschland besat ginn ass. An déi éischt Bombardementer op Lëtzebuerg vu franséischen an englesche Fligeren herno, méi spéit, hu schonn am August 1940 stattfonnt.”

Deemools si sougenannten däitsch “Feuerwerker” vun Thionville an Tréier op Lëtzebuerg komm, fir net-detonéiert Sprengkierperen ze fannen a sécher ze entsuergen.

Den éischte lëtzebuergesche Service war zwar schonn 1925 gegrënnt ginn, erkläert de Claude Peffer, mee dëse war nach net sou gutt ausgebilt an equipéiert, wéi dat an de Jore wärend an nom Zweete Weltkrich de Fall war.

Esou hat den deemolege Premier Emile Reuter 1918 Frankräich an d’USA ëm Hëllef gefrot bei der Munitiounsentsuergung. Et wier och zu heftegen Diskussiounen an der Chamber komm, nodeems et zu engem heftegen Accident op engem Schéissstand um Briddel komm ass, wou 6 Kanner ëm d’Liewe komm sinn.

Bei senge Recherchen huet de Claude Peffer erausfonnt, datt am August 1925 een Offizéier an een Zaldot fir zwou Wochen a Flanderen geschéckt goufen, fir eng Formatioun vum Demineursberuff ze maachen.

Roboter maachen de Beruff méi sécher

D’Buch vum Claude Peffer wäert sech mat der Geschicht vum Deminage zu Lëtzebuerg befaassen, et soll awer net als akademescht Wierk verstane ginn. Hie wëllt ee Buch schreiwen, dat eng Chronologie vun den Evenementer hei zu Lëtzebuerg presentéiert, an dat awer och Spaass mécht ze liesen. Ee Beispill fir esou een Evenement am Buch ass beispillsweisd’Explosioun zu Viichten vun enger V1 Rakéit.

De Claude Peffer huet sech viru ronn 40 Joer aus Virwëtz dozou entscheet, selwer Demineur ze ginn, nodeems deemools eng Plaz ausgeschriwwe ginn ass. Aus senger Erfarung am Beruff sollt ee senger Meenung no de Beruff net als liewensgeféierlech beschreiwen, mee als ee Beruff, dee mat Risike behaft ass, esou wéi vill aner Beruffer och.

Hautzedaags géif een och vill mat klenge ferngesteierte Roboter schaffen, déi bei der Entschäerfung vu Bomme benotzt ginn.

Net all Bomm ass d’selwecht schwéier ze entsuergen. Virun allem selwer gebastelt Sprengkierpere vun Amateure géifen dacks méi geféierlech si fir ze entschäerfen, wéi beispillsweis d’Material wat am Militär benotzt gëtt.

Et ginn nach ëmmer Bommen aus dem Zweete Weltkrich zu Lëtzebuerg fonnt

Och zu Lëtzebuerg ginn ëmmer nees Bommen a Granaten aus dem Zweete Weltkrich fonnt. Dem Claude Peffer no wier et awer schwéier ze schätzen, wéi vill ondetonéiert Sprengkierpere sech nach am Land befannen. Dat géing dorunner leien, datt an de Weltkricher därmoosse vill Munitioun benotzt ginn ass, dat e genaue Calcul schwéier bis guer net méiglech wier.

Wat méi gebaut gëtt zu Lëtzebuerg, wat d’Chancë méi grouss ginn, datt een al Bommen a Granate frënnt, erkläert de Claude Peffer.

Am Joer 2004 hat den Hobbyhistoriker opgehalen als Demineur ze schaffen, huet awer säi Beruff net ganz hannert sech gelooss. Hien huet weider u Projete geschafft, ënner anerem d’Schreiwen vun dësem Buch. 

Wann Dir sollt al Fotoen oder Dokumenter zum Theema Deminage zu Lëtzebuerg hunn, da kënnt Dir Iech beim Claude Peffer mellen. (peffercl@pt.lu oder per Telefon 621 358 756)

Lauschterenplay_arrow