Radioen

On air

Notturno  |  Rymden - The Hike Feat. John Scofield

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 60 Mesurë géint den Drogenhandel an de Konsum

Drogendësch 2.0

60 Mesurë géint den Drogenhandel an de Konsum

Den Aktiounsplang Drogendësch 2.0. ëmfaasst 60 Mesuren, mat deene géint den Drogenhandel a Konsum zu Lëtzebuerg gekämpft soll ginn. Den Inneminister Leon Gloden hat de Plang zesumme mat ënner anerem der Justizministesch an dem Familljeminister den Donneschdeg de Mëtteg virgestallt. Eng Partie vun de Mesurë si schonn eng Zäit amgaangen ëmgesat ze ginn.

auto_stories

3 min

headphones

2 min

© Bigstock / First one stock play_arrow
(Foto: Bigstock / First one stock)

An dofir waren eng Partie vun de 60 Mesuren och scho méi oder wéineger bekannt. Dorënner beispillsweis de Platzverweis renforcé. Den Ament ass et nach kee Gesetz mee e Gesetzesprojet , mee den CSV-Inneminister Léon Gloden weist sech determinéiert.

"Esou wéi ech hei sëtze, kënnt dee Platzverweis renforcé."

Och wann dee Platzverweis net reng der d’Drogebekämpfung soll déngen, géif et erméiglechen Drogendealer oder Drogenofhängeger vun enger Plaz fort ze schécken. Den Ament wier dat nëmme limitéiert méiglech. De Police-Generaldirekter Pascal Peters erkläert, datt ee mam aktuelle Gesetz Leit vun den Hausagäng dierf verweisen. Mee net vum Trottoir zum Beispill.

Zesummenaarbecht mat franséischen Autoritéiten

Op internationalem Niveau fënnt een och eng Mesure erëm. Eng Partie Drogendealer kéimen aus der franséischer Grenzregioun op Lëtzebuerg fir hir Drogen ze verkafen, mee si wieren awer just a Frankräich Asyldemandeuren. Virun zwou Wochen hätt de franséischen Inneminister Gérald Darmanin versprach fir mateneen ze kooperéieren, erkläert de Léon Gloden nach:

"Wa mir se hei gefaasst kréien, da gëtt et en Echange mat de franséischen Autoritéiten. Da kënne si dat als Argument huelen, fir déi Leit an enger Procédure accélérée eben aus Frankräich auszeweisen."

Bal 40 vun de 60 Mesurë mussen op Säit vum Gesondheetsministère ausgefouert ginn. Wichteg wier et nämlech Drogenofhängegkeet an déi domat verbonne Risiken ze bekämpfen. Beispillsweis wéilt een d’Ëffnungszäite vu Strukture wéi Abrigado oder Kontakt 28 erweideren.

Justiz gëtt gestäerkt

Säitens der Justiz gëtt virun allem op d’Vereinfache vun de Prozedure gesat. Datt domat d’Justiz hir Missioun erfëlle kéint an zwar Stroftäter esou séier wéi méiglech virun hir Verantwortung ze stellen, esou nach d’Elisabeth Margue. Weider sollen nach eng 94 Riichteren an den nächsten dräi Joer agestallt ginn – also eng Hausse vu ronn 30 Prozent.

Den DP-Familljeminister Max Hahn betount, datt et wichteg wier och Opdachlosegkeet selwer unzegoen. Och wann een Drogenofhängegkeet net automatesch mat Opdachlosegkeet sollt verbannen, wier et awer wichteg déi Thematik och am Aktiounsplang ze verankeren esou nach de Max Hahn.

"Op där anerer Säit ass säit engem Joer de Centre Ulysse amgaang renovéiert ze ginn. De Centre Ulysse soll a plus minus engem Joer fäerdeg sinn. Dat gëtt eng Plaz, wou mer dann 23 zousätzlech Better wäerte schafen, fir eebe grad Urgence-Better unzebidden. Op där anerer Säit och do dann en neit Konzept, wou mer och 22 Housing First-Unitéiten dann an deem Gebai wäerte wëlle matubidden."

Weider wëll d’Stad Lëtzebuerg déi sech scho länger iwwert d’Drogesituatioun op der Gare beschwéiert, den Asaz vun de sociétés de gardiennage bei der Garer Primärschoul verstäerken.

Lauschterenplay_arrow