14.11. De Gléckleche Sisyphus

Visuel Gléckleche Sisyphus

De Stee rullt! De 14. November um 14 Auer feieren de radio 100,7 an de KulturKanal (KUK) d'Uropféierung vum Pierre Weber senger Kompositioun "Sisyphus' Sohn" no engem Text vum Raoul Biltgen. Suivéiert d'Uropféierung, déi am Fréijoer 2021 mat enger Ausschreiwung fir eng musikalesch Kompositioun lancéiert gouf, mam Ensembel The Duke's Singers live um Radio, iwwer d'Internetsitte vum KUK a vum radio 100,7 oder iwwer béid Facebook-Säiten.

Wann Dir méi iwwer de Schrëftsteller Raoul Biltgen wëllt gewuer ginn a wëssen wëllt, wat hien dozou beweegt huet d'Stéck ze schreiwen, kuckt de Video hei.

De Luc Boentges, Museksredakter vum radio 100,7, huet sech mam Komponist vum Wierk "Sisyphus' Sohn", dem Pierre Weber ënnerhalen. Lauschtert den Interview hei.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen