Iwwer 140 international Delegatioune wieren am ganze bei der Zeremonie dobäi. Dorënner den US-President Donald Trump an den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj. Si zwee sollen sech um Bord vun der Zeremonie och schonn ënnerhalen hunn. D‘Wäisst Haus schwätzt vun engem produktive Gespréich.
Roum ass dofir am Ausnamezoustand. Iwwer 10.000 Sécherheetsautoritéite sinn am Asaz
No dem Requiem gëtt de Sarg op engem 6 Kilometer laangen Trajet duerch Roum gefouert. Zil ass d‘Basilika Santa Maggiore, wou en da baigesat gëtt. Bei der Kierch soll de Poopst François géint 13 Auer de Mëtteg ukommen.
An de leschten dräi Deeg sinn dem Vatikan no ronn 250.000 Leit virum opgeboorte Poopst François am Péitersdoum defiléiert. Gëschter um Freidegowend gouf de Sarg dann an enger net ëffentlecher Zeremonie zougemaach.