Radioen

On air

De Moien  |  Florence And The Machine - Hunger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 2023 war dat wäermste Joer zënter 125.000 Joer

Klima

2023 war dat wäermste Joer zënter 125.000 Joer

De Klimawandel an de Wiederphenomeen El Niño suergen dofir, datt momentan ëmmer weider Héchsttemperaturen opgezeechent ginn. D’Dana Lang an den Andrew Ferrone, vum agrarmeteorologesche Wiederdéngscht ASTA, erklären den aktuellen Zoustand ëm déi héich Temperaturen an de villen Nidderschlaag.

auto_stories

3 min

headphones

23 min

© Morgane Weidig play_arrow
Andrew Ferrone (lénks) a Dana Lang (riets) (Foto: Morgane Weidig)

Déi lescht Méint hunn engem net wierklech d’Gefill ginn, datt et rekordverdächteg waarm gewiescht wier. Et war gro an et huet vill gereent. D'Dana Lang vum ASTA erkläert awer, datt de leschte Wanter dee siwent wäermste Wanter war. Dat zënter den Opzeechnunge vun der Verwaltung, also zënter 1835. Och de Mäerz an den Abrëll wieren iwwert der Moyenne gewiescht, wat d’Temperaturen ugeet, iwwerdeems wieren déi zwee Méint och ze naass gewiescht. Et sinn also keng Rekorder gebrach ginn, an awer louchen d’Méint alleguer iwwert der Moyenne.

Global wier de Mount Abrëll dee wäermste gewiescht, betount den Andrew Ferrone. An dat net eleng. Den Abrëll wier just ee Mount an enger Suite gewiescht, vun 11 Méint, déi hannerteneen ëmmer rëm de Rekord vum wäermste Mount gebrach hätten.

Néi Rekorder 

D’Joer 2023 huet de Rekord gebrach, vun dem wäermste Joer. Net nëmmen zënter der Preindustrialiséierung, mee warscheinlech zënter 125.000 Joer, erkläert den Andrew Ferrone. Fir esou Aussoe kënnen ze huelen, gi global Temperaturopzeechnungen mat Referenzwäerter verglach. Observatiounsdonnéeë géifen iwwerdeems bis an d'19. Joerhonnert zeréck goen. Mat anere Methoden, wéi ënner anerem der Ënnersichung vun de Beem, kéint een Temperature vun deene leschte puer dausend Jore rekonstruéieren.

Déi héich Temperature wieren an Zäite vum Klimawandel net aussergewéinlech. D’Wäerter géifen am Beräich vun de Previsioune leien, déi de Weltklimarot virausgesot huet.

Den El Niño dréit zou den héijen Temperature bei

Zu deene waarmen Temperaturen hätt och de Wiederphenomeen El Niño bäigedroen. Den El Niño ass een natierleche Phenomeen, de verursaacht, datt d’Temperaturverdeelung am Süd-Pazifik sech ëmdréint. Dorënner leiden och d’Fësch an d’Planzen am Mier. Fest steet, a Jore vun engem El Niño ginn d'Temperature méi séier erop, wéi an anere Joren.

Temperature vum Mierwaasser ginn och an d’Luucht, well Ozeaner ronn 90 Prozent vun der Energie späicheren. Wat méi Energie gespäichert gëtt, wat d’Mieresuewerfläch méi waarm gëtt. D’Stréimung am Mier verdeelt déi gespäichert Energie zwar, an awer kann ausgemaach ginn, datt d’Temperature vun der Mieresuewerfläch bal linear an d’Luucht ginn.

Extreem Nidderschléi an Dréchenten

Duerch d’Ännerungen an de Mierer, beschleunegt sech dee sougenannten hydrologeschen Zyklus. An dat féiert zu deenen extremen Nidderschléi an Dréchenten.

Ofschléissend, stellt d’Dana Lang fest, datt een de Klimawandel net op een oder zwee Joer ka kucken.

Klimawandel bei 1,5 Grad stoppen

Fir géint de Klimawandel unzegoen, mussen d’Zäregase massiv reduzéiert ginn. De Weltklimarot seet, datt fir de Klimawandel bei 1,5 Grad ze stoppen, muss e Maximum bis 2025, also nächst Joer, areecht ginn. An vun do u missten d’Emissiounen all Joer ëm siwe Prozent erof goen. Dat wier ongeféier sou vill wéi an engem Covid Joer, seet den Andrew Ferrone. 

Lauschterenplay_arrow

Interview
Wëssenschaft
Ëmwelt