Radioen

On air

Notturno  |  Lucy Dacus - Vbs

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Bauer sinn am Joer 2023

Landwirtschaft

Bauer sinn am Joer 2023

Bauer ze sinn ass eng ustrengend Aarbecht, seet de Christophe Keipes. Hien ass 31 Joer al an huet virun dräi Joer de Bauerenhaff vu sengen Elteren iwwerholl.

auto_stories

2 min

headphones

12 min

Christophe Keipes | © Jo Diseviscourt play_arrow
De Christophe Keipes a sengem Stall, wärend eiser Emissioun "Den Hallwer Néng" (Foto: Jo Diseviscourt)

Moies um fënnef Auer geet et lass, deelweis hëllefen him Familljememberen, wirtschaftlech geet et awer nach net duer fir Mataarbechter anzestellen, sou de Christophe Keipes.

Hien hätt sech d'Fro ni richteg gestallt, fir de konventionelle Betrib eventuell och als Bio-Betrib ze féieren, sou de Bauer. Datt beispillsweis déi gréng Partei an Zukunft vill méi Bio-Betriber wéilt hunn, wier fir de Christophe Keipes och "utopesch".

De Staat hëlleft a mécht Oplagen

A sengem Mësch-Betrib gi Kären ugebaut fir Miel ze maachen, Peffermënz a Brennnessele fir Téi ze maachen an et ass ee Mëllech- a Véibetrib. Gestrach gëtt a sengem Betrib op Sträichstatiounen, e Melkroboter géif e Méi-Opwand um Computer bedeiten, fir dee keng Zäit bleift.

Fir eng Kou an engem Stall ënnerzebrengen, misst ee pro Kou iwwregens 15.000 Euro arechnen - dat mécht fir 100 Kéi ronn 1,5 Milliounen Euro. Déi Sue ginn zwar bis zu 55 Prozent vum Staat subventioneiert, dee mécht de Bau awer duerch zousätzlech Oplagen och e Stéck méi deier fir de Bauer.

Ëmmer mei Bürosaarbecht

Generell géif déi administrativ Charge och ëmmer méi grouss ginn, seet de Christophe Keipes. Hie verbréngt mëttlerweil ronn annerhallwen Dag an der Woch um Büro an net am Stall oder um Feld, och wann hien deelweis op d'Aarbecht vu Berodungsinstituter kann zeréckgräife fir sech beispillsweis un Düngeoplagen ze halen.

Lauschterenplay_arrow