Radioen

On air

Owesconcert  |  Vies d'artistes: Rachmaninoff & Berlioz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dräi nei Mastere fir Enseignanten an der Grondschoul

Uni Lëtzebuerg

Dräi nei Mastere fir Enseignanten an der Grondschoul

D‘Uni Lëtzebuerg bitt vun der nächster Schoulrentrée 3 nei Mastere fir d‘Enseignanten an der Grondschoul un. Et si Masteren, déi fäerdeg Enseignantë kënne maachen, fir sech an engem Domaine ze spezialiséieren.

auto_stories

1 min

Foto: Brumat Photo

Den éischten Domaine beschäftegt sech domadder, wéi Schoule mat enger ëmmer méi heterogener Schülerpopulatioun geréiert kënne ginn. Dee Master heescht "Gestion et développement des écoles".

Beim zweeten neie Master mam Numm 'Développement de l’enseignement' stinn déi spezifesch Besoine vun de Kanner, dat heescht d‘Pédagogie différenciée, am Mëttelpunkt.

An den drëtte Master 'Éducation inclusive et accessibilité pédagogique' huet als Schwéierpunkt de Kampf géint d‘Inegalitéiten am Schoulsystem.

Déi 3 Mastere riichte sech un Enseignanten, déi schonn am Schoulsystem schaffen. Si kënne wärend 2 Joer déi nei Formatioun niewelaanscht maachen, an deemno Deelzäit schaffen.

D‘Aschreiwungen op der Uni.lu lafe bis den 10. Juli. Den 21. Mee ass um Campus Belval een Informatiouns-Nomëtteg dozou.