Den DP-Educatiounsminister Claude Meisch erkläert, datt een net einfach mol esou eng Dron am ëffentleche Raum operéieren dierf. Dofir wiere Formatiounen néideg, déi bis elo deelweis bei der Direction d'aviation civile konnte gemaach ginn.
“Duerfir ass et och hei esou, datt zu Lëtzebuerg eng ganz Rei vu Formatiounen noutwenneg sinn, an der EU eng ganz Rei vu Formatiounen noutwenneg sinn, fir iwwerhaapt kënne mat Dronen ze operéieren."
Elo kënnen nach weiderer beim CNFPC gemaach ginn - zu Ettelbréck an zu Esch. Ob dat elo fir d’zivil Notzung gëllt oder fir sech berufflech weiderzebilden respektiv nei ze orientéieren.
Duerch d’ Formatioune kann een och verschidde Lizenze kréie fir mat enger Dron ze operéieren. Notamment och d’ A2-Lizenz fir mat Drone bis zu 4 Kilo kënnen ze fléien. Dat war bis dato zu Lëtzebuerg nach net de Fall.