Radioen

On air

Notturno  |  Ruth Garbus - Mono No Aware

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ “AfD ass geséchert rietsextremistesch”

Däitsche Verfassungsschutz

“AfD ass geséchert rietsextremistesch”

Den däitsche Verfassungsschutz huet d’Alternative für Deutschland bundeswäit als “geséchert rietsextrem” agestuft. De Grond wier di extremistesch Prägung vun der Partei, de Verdacht hätt sech verstärkt, datt d’AfD déi demokratesch Uerdnung vum Land géif attackéieren. No der Astufung sinn haut éischt Stëmmen haart ginn, déi e Verbued vun der Partei fuerderen.

auto_stories

2 min

AfD | © picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
AfD (Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Den Daniel Günther, Ministerpresident vu Schleswig-Holstein, huet sech als éischte Spëtzepolitiker aus der Deckung gewot. 

D’Astufung vun der AfD als geséchert rietsextrem wier keng Iwwerraschung, mee géif awer Kloerheet bréngen. De Bund misst elo séier e Verbuedsverfahren aleeden, fir d’Demokratie an Däitschland ze schützen, sot den Daniel Günther dem SPIEGEL.

Den Nach-Bundeskanzler Olaf Scholz huet par contre virun ze séiere Verbuetsfuerderungen gewarnt, hie wier “géint ee Schnellschoss”. Och d’Inneministesch Nancy Faeser huet betount, d’Astufung géif net automatesch e Verbuet vun der AfD mat sech bréngen. 

"Ein Parteiverbotsverfahren hat aus guten Gründen sehr hohe verfassungsrechtliche Hürden. Das sollte man nicht ausschließen, aber weiterhin sehr vorsichtig damit umgehen. Es gibt jedenfalls keinerlei Automatismus."


Op 1.100 Säiten huet den däitsche Verfassungsschutz seng Argumentatioun zesummegedroen. D’AfD wier eng Gefor géint di fräiheetlech demokratesch Gronduerdnung. A géif e Volleksgrëff vertrieden, mat deem ganz Bevëlkerungsgruppe géifen diskriminéiert an als Bierger zweeter Klass behandelt ginn.

An de leschte Joren hat den Inlandsgeheimdéngscht d’AfD a bestëmmte Regioune vum Land schonn als rietsextrem ugesinn, déi bundeswäit Partei ass zënter Joren observéiert ginn. D’AfD huet schonn annoncéiert, sech juristesch géint d’Astufung ze wieren.

Konkret ännert sech fir d’Partei, an och fir hir Deputéiert am Bundestag an an de Lännerparlamenter, näischt. D’AfD kann och weiderhin u Walen deelhuelen. Just d’Bundesverfassungsgeriicht kann d’Partei verbidden, dofir missten awer entweder d’Regierung, de Bundestag oder de Bundesrat eng Verbuedsmotioun lancéieren.