Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Album vun der Woch: Lässege Country an energiegeluedene Folkrock

Waxahatchee - Tigers Blood

Album vun der Woch: Lässege Country an energiegeluedene Folkrock

Tëschent Country a Folkrock kënnt déi amerikanesch Indiekënschtlerin Waxahatchee op “Tigers Blood” an hirem neie Liewen un. “Tigers Blood” heescht deen neien a mëttlerweil sechsten Album vun der amerikanescher Indiekënschtlerin Waxahatchee, op deem si nees op lässege Country an energiegeluedene Folkrock setzt an hir Südstaaten-Originn an de Mëttelpunkt stellt.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

Zanter 2012 kennt een d’Katie Crutchfield alias Waxahatchee, mee de groussen Duerchbroch koum eréischt mam leschten Album “Saint Cloud”. Et war a ganz villen Hisiichten en Turning point fir Waxahatchee. Déi éischt Albume waren nach vu réiem an deelweis rauem Indierock gepräägt, mee 2020 op “Saint Cloud” koum et dunn zur musikalescher Metamorphos. Country a Folk stoungen hei am Vierdergrond, och war den Disk däitlech méi poppeg. Iergendwou tëschent dem Megastar Taylor Swift an dem Sound vun de Folkrocker Big Thief.

E Liewen ouni Alkohol an Drogen am Mëttelpunkt

Also beschten Americana aus dem amerikanesche Süden, deen d’Katie Crutchfield Heemecht nennt. Op “Saint Cloud” huet d’Kënschtlerin hir Suchtproblemer a virun allem hiert neit Liewen ouni Alkohol an Drogen an de Fokus gestallt. Een immens perséinlechen Album deemno, deen de Songwriting vu Waxahatchee op en neien Niveau gehuewen huet an deen, der Musekerin no, hire Succès an hir Fanbase op d‘mannst verduebelt huet.

“Saint Cloud” war en Album op deem d’Kënschtlerin nach matten am Wierbelstuerm vun den Emotioune stoung, elo op “Tigers Blood” ass et vill méi d’Rou nom Stuerm déi dominéiert. Och deen neien Disk ass immens perséinlech an eng Ausernanersetzung - vläicht souguer Konfrontatioun - mat der eegener Persoun, mee net méi mat der selwechter Urgence an Direktheet wéi nach um Virgänger. “Hail the darkness you can befriend”.

Akzeptanz fannen a mat der Vergaangenheet ofschléissen

Also begréiss d’Däischtert, mat däers du dech ufrënne kanns, séngt d’Katie Crutchfield am Song “Crimes of the Heart” a bréngt et domadder op de Punkt: “Tigers Blood” ass virun allem een Album, op deem et dorëms geet Akzeptanz ze fannen a mat der eegener Vergaangenheet ofzeschléissen.

D’Katie Crutchfield sot selwer eemol, hir Comfort Zon als Songwriterin wier iergendwou tëschent Trauregkeet an engem gebrachenen Häerz, vun dohier ass et natierlech een Album, dee vill melancholesch Momenter huet. An engem Interview sot d’Kënschtlerin kierzlech, et soll virun allem een Album sinn, mat deem sech all Persoun identifizéiere kann, déi grad eng schwéier Zäit duerchmécht. Esou schwéierverdaulech d’Texter och plazeweis sinn, esou gi se awer dacks vun der dynamescher Musek opgefaangen.

Lauschterenplay_arrow