Radioen

On air

Notturno  |  Jeffrey Silverstein - Chet Feat. Willliam Tyler

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vun Zigarett bis Shisha: Den Tubakskonsum zu Lëtzebuerg

Den Hallwer Néng

Vun Zigarett bis Shisha: Den Tubakskonsum zu Lëtzebuerg

De Maurice Molitor huet d’Resultater vun der neister Tabagissem-Etüd analyséiert. Dat am Gespréich mam Pedro Marques aus dem Gesondheetsministère a mam Lex Schaul vun der Fondation Cancer.

auto_stories

3 min

headphones

22 min

play_arrow
De Pedro Marques vum Gesondheetsministère (lénks) an de Lex Schaul vun der Fondation Cancer (riets). (Foto: Jo Diseviscourt)

D’Gesondheetsministesch Martine Deprez an déi nei Directrice vun der Fondation Cancer Margot Heirendt hu gëschter um Mëttwochmëtteg d’Resultater vun der neister Etüd iwwer den Tabagissem, also den Tubakskonsum, hei am Land virgestallt.

Esou eng Etüd gëtt all Joer gemaach fir Tendenze festzestellen, an dann dorop kënnen ze reagéieren. 

Wéi eng Entwécklungen hu sech zejoert gewisen?

Déi spektakuläerst ass ouni Zweifel déi, datt an där Enquête - déi am Laf vum leschte Joer realiséiert ginn ass - 22 Prozent vun alle Befroten iwwer 16 Joer uginn hunn, Shisha ze fëmmen. Dat méi oder manner reegelméisseg. Mee dat waren der duebel esouvill wéi nach 2022. De Pedro Marques vun der Santé huet am Hallwer Néng awer drop higewisen, datt een net menge sollt, d’Shisha wier manner geféierlech wéi d’Zigarett.

De Pedro Marques an de Lex Schaul iwwer d'Shishaplay_arrow

 

Och bei der elektronescher Zigarett gëtt et eng Progressioun, déi awer net grad esou spektakulär ass. Mat enger Ausnam: Bei de 16- bis 24 Järegen, do ass d’Notzung bannent engem Joer vun 21 op 36 Prozent eropgaang. Méi wéi all Drëtten an där Alterskategorie "vapotéiert" also.

Wéi ass et mat der klassescher Zigarett?

Déi klassesch Zigarett hält sech zënter Joren zimmlech stabil bei ëm déi 28 Prozent. Grosso modo kann een also soen, datt all Véierten iwwer 16 Joer hei am Land Zigarette fëmmt. Dorënner sinn ëmmer méi Fraen. 2023 war den Undeel vu Fraen, déi gefëmmt hunn, eng éischte Kéier grad esou grouss wéi dee vun de Fëmmerte bei de Männer, an zwar 27 Prozent.

Dat ass eng Entwécklung, déi sech ugedeit huet an de leschte Joeren, well den Ecart ëmmer méi kleng ginn ass. Virun 10 Joer war deen nach signifikativ. Deemools huet mol nach net all fënneft Fra gefëmmt, dofir awer schonn all véierte Mann.

Interessant ass och nach, datt och haut ëmmer nach 11 Prozent vun de Leit, déi net fëmmen, all Dag Tubaksdamp ausgesat sinn. Souguer a Banneraim. 

Ganzen Interview lauschterenplay_arrow

 

Gesondheet
Politik a Gesellschaft