Radioen

On air

Concert Euroradio  |  Nëmme Mozart fir de 75. Jubiläum

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV: Nach keng Demarche gemaach fir an den Aktiounscomité géint Atomkraaft ze kommen

Atomenergie

CSV: Nach keng Demarche gemaach fir an den Aktiounscomité géint Atomkraaft ze kommen

D’CSV muss mat hiren Aussoen iwwer hir Memberschaft am nationalen Aktiounscomité géint d'Atomkraaft zeréckrudderen. Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen gëtt am 100,7-Interview zou, datt seng Partei nach keng Demarchë gemaach huet, fir nees Member vum Aktiounscomité ze ginn. 

auto_stories

3 min

headphones

3 min

Jeff Boonen | © Chambre des députés play_arrow
Den CSV-Deputéierte Jeff Boonen (Riets). (Foto: Chambre des députés)

An der Chamber hat den Deputéierten nach virun e puer Deeg gesot, d’Regierungspartei wier nees Member vum Comité. 

Bis op Weideres bleift et also beim Stand vun 2022. D’CSV ass zënter zwee Joer net méi Member vum Aktiounscomité géint Atomkraaft. De Jeff Boonen erkläert, seng Partei hätt am Februar an hirem Nationalcomité decidéiert, si wéilt nees Member vum Aktiounscomité ginn. Et hätt een awer, anescht wéi hien duecht, keng Demarchen an déi Richtung ënnerholl, esou den Deputéierten. D’CSV wier awer drun interesséiert, dat nozehuelen. 

"Et gëllt elo, déi Prozedur an d'Weeër ze leeden, fir mat hinnen elo Kontakt opzehuelen, an och doriwwer ze schwätzen, op hir Prinzippie mat eisen Aussoen iwwertenee passen."

CSV mat zwee vun dräi Prinzippien d'accord

D’CSV kann egal wéi net einfach decidéieren, nees Member vum Aktiounscomité ze sinn. Si musse sech zu deenen dräi Prinzippie vum Comité bekennen. Zwee dovu stelle fir de Jeff Boonen keng Schwieregkeeten. 

"Ee Prinzip ass dee vun der Schléissung vun de Wierker hei an an der Grenzregioun. Dat hu mir och esou am Koalitiounsaccord stoen. Ebe well déi Wierker e gewëssent Alter hunn, an d’Sécherheet ëmmer méi problematesch gëtt. Dee Punkt droe mir mat ."

Et gëtt awer ee Prinzip, deen d’CSV net sou einfach erfëllt, an zwar: Une politique de l‘Union Européenne refusant le nucléaire à tous les niveaux, p. ex. octroi exclusif de subventions à la recherche sur les énergies renouvelables. Dat ass dee Prinzip, iwwert deen een sech nach mam Aktiounscomité misst eens ginn.

Weider an d'Recherche investéieren

D'CSV wier awer der Meenung, datt ee weiderhi sollt Suen an d'Recherche setze, erkläert de Jeff Boonen. Dat virun allem fir eng Léisung ze fanne fir d'Problematik vum radioaktiven Offall ze léisen. Iwwerdeems sollt och weider um "ICR Programm", ee Programm, dee sech mat der Kärfusioun ausernee setzt, gefuerscht ginn. 

Wann een elo kee gemeinsamen Nenner mam Aktiounscomité géif fannen, da kéint een net Member ginn. Dat weess och den CSV-Deputéierten. Wéinst méi atomfrëndlechen Aussoe vum neie Premier Luc Frieden hat d’Regierungspartei an de leschte Woche Schwieregkeeten, fir kloer Positioun zur Atomenergie ze huelen.

 

Lauschterenplay_arrow