Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

article

article

/ Chamberkommissioune live an a Faarf

Éischt Sitzung aus der Chamber am Livestream

Chamberkommissioune live an a Faarf

D’Sitzunge vu fënnef Chamberkommissioune wäerte vun elo u live a Bild an Toun um Internetsite vun der Chamber iwwerdro ginn. Déi éischt Iwwerdroung vun dëser Testphas vu sechs Méint fänkt haut de Mëtteg um hallwer véier un, mat der Sitzung vun der Chamberkommissioun fir Medien a Kommunikatioun. Mee wat bedeit dëse Schratt fir d’Chamber? 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Chamber Livestream | © Chambre des députés play_arrow
Foto: Chambre des députés

Technesch ass an der Chamber alles prett, fir d’Iwwerdrounge vun de Mëtteg un, erkläert de Generalsekretär Laurent Scheeck.

"Mir hunn ee konsequenten Invest vun iwwer 500.000 Euro gemaach, fir d’Ëffentlechkeet vun de Kommissiounen an all sengen Dimensiounen en place ze setzen."

Fir d’Sitzungen iwwerdroen ze kënne goufen an der Chamber zwee zousätzlech Reuniounssäll mat all Kéier dräi Kameraen equipéiert.

Op Volltouren dru geschafft

No laangen Diskussiounen am Virfeld war virun dräi Méint eestëmmeg decidéiert ginn, datt d’Sitzunge vun de Chamberkommissioune fir Landwirtschaft, Logement, Ëmwelt, Educatioun a Medie sollen iwwerdro ginn.

"Wou dunn am Januar d’Decisioun politesch gefall ass, du ware mir schonn am gaangen ze kucken, wéi eng Kamerasystemer datt mir kéinten en place setzen, wéi mir dat mam Dateschutz reegelen (...). A mir haten do ee gudden Deel vun der Administratioun wärend véier Méint op Volltouren dru schaffen, fir dat fir haut en place ze setzen."

Ausname si méiglech

De Prinzip ass, datt all d’Sitzunge vun de fënnef Chamberkommissiounen iwwerdro ginn, seet de Laurent Scheeck. Ausname sinn awer méiglech.

"Do kann een als Beispill nennen, datt wann ee Minister ee Rapport maache kënnt vun enger Ministerrotsreunioun zu Bréissel, am europäesche Kontext, déi selwer net ëffentlech war, datt se dann hei och net ëffentlech wier."

No der Testphas wäert politesch decidéiert ginn, wéi et viru geet. D’Zil bleift eng Retransmissioun vun alle Kommissiounssitzungen, hat de Chamberpresident Claude Wiseler scho virun engem Mount am 100,7-Interview gesot.

Lauschterenplay_arrow

 

Aktualitéit
Politik
Politik a Gesellschaft