Radioen

On air

Am Buedmantel  |  Panorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chargé d'éducation: SEW/OGBL mécht beim Minister op Ongerechtegkeeten opmierksam

Treffe mam Serge Wilmes

Chargé d'éducation: SEW/OGBL mécht beim Minister op Ongerechtegkeeten opmierksam

Bei engem Treffen tëschent dem SEW/OGBL an dem Minister fir ëffentlechen den Déngscht Serge Wilmes gouf virop d‘Educatioun thematiséiert. D‘Enseignantsgewerkschaft Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft am OGBL hat virum Treffe schonn op eng Partie Ongerechtegkeete fir d‘Chargé-d‘éducationen opmierksam gemaach.

auto_stories

1 min

Educateur Educatrice Schoul Joffer | © CDC/Unsplash
Foto: CDC/Unsplash

Dorënner e feelende Kënnegungsschutz wärend den éischten 10 Joer an e Manktem un Ofsécherung a Krankheetsfäll.

De Minister hätt d‘Kritikpunkten zur Kenntnis geholl heescht et am Communiqué vun der Gewerkschaft. Weider Fuerderunge vum SEW sinn eng gerecht Indemnisatioun fir Iwwerstonnen, Deelzäitaarbecht an Teletravail.

De Serge Wilmes hätt bei dëse Sujeten op den Educatiounsminister verwisen.